Iwwer Vakanz schwätzen (A1-A2) episode artwork

EPISODE · May 23, 2024 · 4 MIN

Iwwer Vakanz schwätzen (A1-A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwätzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1: Mamm: Moie Philippe! An, wéi ass et an ärer Vakanz?  Philippe: Super! Haut sinn et 30 Grad an d’Sonn schéngt. Ech gi geschwënn op d’Plage. A wéi ass d’Wieder doheem?  Mamm: Net immens. Hei sinn et just 15 Grad an et reent schonn de ganzen Dag.  Philippe: Dat ass awer schued. Hei um Mier ass d’Wieder perfekt.   Mamm: Flott! Wat maacht dir dann nach esou dës Woch?  Philippe: Den Owend gi mir an e Restaurant typesch Platen aus der Regioun iessen. Muer maachen ech e Surfcours an iwwermuer maache mir en Ausfluch an eng kleng Stad. Mir ginn e Schlass kucken an e bësse shoppen.   Mamm: Dat kléngt flott! Kaf der Bomi e klenge Souvenir a schéck denger Tatta eng Postkaart, da freet si sech.  Philippe: Jo, dat maachen ech. Wat méchs du dann dës Woch nach esou?  Mamm: Haut maachen ech net vill. D’Wieder ass jo schlecht. Den Owend gëtt et och en Donnerwieder. Mee vu muer u gëtt d’Wieder erëm besser. Et ginn 20 Grad a Sonn. Ech schaffe mat dengem Papp am Gaart a mir fuere vläicht op d’Musel spadséieren.  Philippe: Flott! Sou, Mamm, ech muss elo goen, d’Martine waart op mech. Bis geschwënn!  Mamm: Äddi mäi Jong!  Dialog 2: Lena: Nik, wuer solle mer dëse Summer an d'Vakanz fueren? Nik: Ech hu guer keng Anung... Ech wëll awer gär de Lucky mathuelen, dat heescht, mir fuere mam Auto a bleiwen an Europa, gell? Lena: Op alle Fall! Ok, dann nenn mer deng Top 3 Destinatiounen! Meng si Schweden, Dänemark an d'Provence. Nik: Flott! Hmm...op der éischter Plaz ass Holland, op der zweeter Plaz d'Dolomiten an op der drëtter Plaz d'Schwäiz, mee deen Deel ëm Fribourg. Da kënne mer d'Florence besiche goen. Lena: O, deng Iddie sinn awer och gutt! Wat wéilts de dann an Holland maachen? Nik: Majo, virun allem kitesurfen. Ech hu viru Kuerzem an engem Video gesinn, datt een net just am Atlantik kitesurfe kann, mee och um IJsselmeer. Dat ass e risege Séi an Holland. Lena: Cool! Ma dat kléngt jo perfekt! An op engem Séi kann een och nach vill aner Aktivitéite maachen, wéi schwamme goen, Kanu oder Kajak fueren, mat engem Boot fueren, op der Plage liesen, a sou weider. Nik: Wéi laang solle mer da goen? Lena: Mat der Hirees wëll ech awer 10 bis 14 Deeg goen. An ech wëll awer och verschidde Stied kucke goen an dir net 2 Woche laang beim Kitesurfen nokucken! Nik: Natierlech! Soll ech mech dann ëm de Logement këmmeren an du méchs e Plang, wat een alles kucke goe kann? Lena: Ok! Nik: Léiwer Camping, Hotel oder en Appartement lounen? Lena: Mmhh, e Campingcar oder eng Roulotte si mir ze kleng. En Hotel ass ze deier an Hënn sinn a vill Hotellen net erlaabt. Ech si fir en Appartement. Nik: Gutt, da kucken ech emol, wat ech fannen.

NOW PLAYING

Iwwer Vakanz schwätzen (A1-A2)

0:00 4:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 23, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwätzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2). Vill Spaass...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!