Kaddoe vum Kleeschen (A2)

EPISODE · Nov 27, 2025 · 6 MIN

Kaddoe vum Kleeschen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeserchersdag (de 6. Dezember).Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Moien! Mir si vum Podcast Poterkëscht. Hutt Dir e Moment Zäit, fir op e puer Froen ze äntweren? B: Jo...? A: Hutt Dir Kanner? B: Jo, ech hunn dräi Kanner. A: De 6. Dezember ass jo Kleeserchersdag an d’Kanner stelle jo schonn e puer Owenter virdrun, de Schong. Maachen Är Kanner dat och.? B: Jo, natierlech. Si sinn ëmmer immens frou fir dat maachen ze kënnen a wa moies dann eppes Klenges am Schong dran ass, da si se ëmsou méi frou.   A: Wësst Dir eigentlech wou dee Brauch hirkënnt?  B: Nee. Ech hu mer déi Fro nach ni gestallt. Et ass awer eng gutt Fro.  A: Ech soen Iech et. D’Erklärung dofir, kéinte mir am Mëttelalter fannen. Deemools hunn déi einfach Leit hir Schong virun der Kierch stoe gelooss, wa se an d’Mass gaange sinn. A wéi se dunn erauskomm sinn, hu se ganz heiansdo eng Mënz an hirem Schong erëmfonnt. Eng léif Persoun huet iwwert dëse Wee e klengen Don, un déi Leit gemaach, déi vläicht net esou vill haten.  B: A sou? Dat do wosst ech net. Ech fannen dat awer ganz interessant. A: Gellt? Wat fannen Är Kanner dann esou moies an hirem Schong. B: Klengegkeeten, wéi zum Beispill e Stéck Schockela, eng Mandarinn oder e puer Stickeren. Keng grouss Kaddoen. A: A propos Kaddoen. Dir sot, dir hutt dräi Kanner. Wat wënsche sech Är Kanner vum Kleeschen? B: Ech hunn e Jong, de Fernando, hien ass 5 Joer al, mäi Meedchen, d’Sofia ass 3 Joer al an e Puppelchen, d’Elena, hatt ass 5 Méint al. De Fernando an d’Sofia sinn immens frou mat hirer klenger Schwësterchen, duerfir wënsche si sech allen zwee eng Popp, well si alles kopéiere wëllen, wat mir mam Elena maachen: de Bëbee undoen, e wäschen, asw. Duerfir kréie si dann och nach Kleeder fir hir Poppen, eng Wéi, e Buggy an eng kleng Bidden. A: Flott! B: Si kucken och gär Bicher, duerfir kréie si och nach e puer Bicher. A: Wat kritt d’Elena dann?  B: Hatt kritt en Teddybier an zwee Bicher aus Stoft. A: Schéin! Wësst Dir, wat d’Kanner generell de Moment flott fannen? B: Hmm...dem Fernando säi beschte Frënd wënscht sech e Sprangschlass, mee ech mengen, dat ass awer net méiglech. (laacht) A: (laacht) B: Soss wënschen d’Kanner sech och nach Autoen, Camionen a Baggeren, Gesellschaftsspiller, Puzzelen, en Zuch aus Holz, hëlzen oder plastiks Bausteng, kleng a grouss Poppen, Kleeder fir sech ze verkleeden, e klenge Buttek oder eng Kichen mat all den Accessoiren, Jicken, Schaukelpäerd, e Sprangseel, Spillsaache fir am Sand ze spillen, e Poppentheater... D’Kanner fannen et ëmmer flott, wa se déi Erwuessen imitéiere kënnen. Duerfir kréien eis Kanner och nach Uebst a Geméis aus Holz, dat duerch Ritschratsch zesummenhält an dat se da mat engem hëlze Messer “schneide” kënnen. Si hu schonn eng Kichen, mat där se gär spillen. Dat passt gutt derbäi. Mir passe souwisou gär drop op, datt eis Kanner net ze vill Spillsaachen aus Plastik hunn a méi aus Holz. Se ginn net esou séier futti a sinn duerfir méi nohalteg. A: Interessant! Villmools Merci fir déi detailléiert Äntwert! B: Gär geschitt! A: Mir wënschen Iech an Ärer Famill e schéine Kleeserchersdag! B: Merci, dat gëtt bestëmmt rëm flott! B: Moment Madamm, wéi heescht scho méi Äre Podcast? Poterkëscht? A: Jo. B: Dat erënnert mech un dat Lidd, dat mäi Jong grad de ganzen Zäit séngt. Si léieren dat fir Kleeserchersdag an der Schoul. Et heescht: Am Uewe potert d’Feier. 

NOW PLAYING

Kaddoe vum Kleeschen (A2)

0:00 6:54

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!