Kleeserchersdag (A2)

EPISODE · Dec 3, 2024 · 4 MIN

Kleeserchersdag (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus! - Transkript: Kleeserchersdag
Wat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? Dëse Freideg ass et endlech esou wäit an d’Kanner sange scho fläisseg "Léiwe Kleeschen" an der Schoul.Wann der scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnt, hutt der dëst Lidd vläicht schonn héieren.
 Kleeschen oder Zinniklos ass de lëtzebuergeschen Numm fir den hellegen Niklos. Op Franséisch heescht hie Saint-Nicolas, op Hollännesch a Flammännesch heescht hie Sinterklaas an op Däitsch heescht hien Nikolaus. An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember kënnt hien aus sengem Himmelsland a bréngt de brave Kanner Kaddoen. D’Kanner aus der Grondschoul hunn de 6. Dezember fräi, fir datt si deen Dag mat hiren neie Spillsaache spille kënnen.  
Zanter 2019 steet “Kleeserchersdag” oder “Niklosdag” op der Lëscht vun den immateriellen UNESCO-Weltierwen.Vill Soen erzielen, datt de Kleeschen en immens léiwen an hëllefsbereete Mënsch war an och nach ass ass. Enger Legend no huet hien dräi Kanner aus engem Dëppe vun engem Metzler, dee Jelli aus hinne kache wollt, befreit. Dës Legend gëtt et och a Form vun engem Gedicht, “D’Seeche vum Zinniklos”, vum Georges Schmitt aus dem Joer 1944.Wéi gesäit de Kleeschen aus? Hien ass en eeleren Här an huet e laange wäisse Baart. Seng Tenue erkennt een direkt: hien ass als Bëschof gekleet mat engem meeschtens roude Mantel, enger Mitra um Kapp an engem Bëschofsstaf an der Hand.  
Hie gëtt begleet vu sengem Gesell, den Houseker. Deen huet e laange schwaarze Baart an ass däischter ugedoen. Hien huet meeschtens e Sak mat Rutten derbäi. Jongen a Meedercher déi net brav waren, kréien deen Dag dann eng Rutt vum Houseker.D’Kanner freeë sech scho wochelaang am Viraus op Kleeserchersdag. Op ville Plaze kann een de Kleesche schonn e puer Woche viru Kleeserchersdag begéinen an heiansdo kritt een dann eng Titche mat Séissegkeeten an e Boxemännchen. 
Eng Woch oder zwou Woche viru Kleeserchersdag stellen d’Kanner owes virum Schlofe goen, de Schong bei d’Dier a sange “Léiwe Kleeschen”. Wa se moies waakreg ginn, leien eng Schneekegkeet, wéi zum Beispill Schockela oder Uebst, wéi zum Beispill eng Mandarinn oder e klenge Kaddo am Schong.De 5. Dezember, owes, ass et dann esou wäit. D’Kanner stellen hire Schong oder en Teller bei d’Dier a freeë sech op dee groussen Dag.Denkt also drun, datt e Freideg keng Schoul ass an datt der net erféiert, wa moies eppes an äre Kanner hire Schong läit!

 Mir wënschen iech an äre Kanner, e schéinen Niklosdag!

NOW PLAYING

Kleeserchersdag (A2)

0:00 4:19

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!