Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen, 17/05/2021 episode artwork

EPISODE · May 17, 2021

Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen, 17/05/2021

from RTL - Lecture vun heiheem · host RTL Radio Lëtzebuerg

Déi zwee Lëtzebuerger Schrëftsteller goufen an de leschte Wochen mat Literaturpräisser am Ausland ausgezeechent. Fir de Guy Helminger war et den Hans-Bernhard-Schiff-Präis vun der Stad Saarbrécken, an de Raoul Biltgen, deen zu Wien lieft a schafft krut dee renomméierte Friedrich Glauser Krimi-Präis. De Guy Helminger kann op eng ganz Rëtsch Literaturpräisser zeréckkucken, ënner anerem de Servais-Präis, den Dresdner Lyrik-Präis oder, ganz rezent, de Gustav Regler-Präis. Elo also och den Hans Bernhard Schiff Präis, deen e fir seng Kuerzgeschicht "Seit wir Besuch hatten, tropft der Hahn" zougesprach krut. Sou ongewéinlech wéi den Titel ass d'Geschicht selwer, an der de Guy Helminger mat den Erwaardunge vun de Lieser spillt. D'Geschicht kann een sech iwwregens am Video vun der Präisiwwerreechung ukucken a ulauschteren. "Der ruhende Pol", dat ass den Titel vum Raoul Biltgen sengem Kuerzkrimi, mat der en am fënneften Ulaf elo endlech dee ganz prestigiéise Friedrich Glauser Präis gewanne konnt. Sou ähnlech wéi bei den Oscaren, wou et mat der gëllener Statuette jo och dacks eréischt no e puer Nominéierunge klappt. An dee Verglach ass net vun ongeféier, well de Friedrich Glauser Präis gëtt dacks als den Oscar vum däitschsproochege Krimi-Genre bezeechent. Et kann een also felicitéieren, dem Raoul Biltgen an natierlech och dem Guy Helminger!

NOW PLAYING

Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen, 17/05/2021

0:00 0:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of RTL - Lecture vun heiheem?

Episode duration information is not available.

When was this RTL - Lecture vun heiheem episode published?

This episode was published on May 17, 2021.

What is this episode about?

Déi zwee Lëtzebuerger Schrëftsteller goufen an de leschte Wochen mat Literaturpräisser am Ausland ausgezeechent. Fir de Guy Helminger war et den Hans-Bernhard-Schiff-Präis vun der Stad Saarbrécken, an de Raoul Biltgen, deen zu Wien lieft a schafft...

Can I download this RTL - Lecture vun heiheem episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!