Meng Famill (A1) episode artwork

EPISODE · Mar 26, 2024 · 2 MIN

Meng Famill (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Famill (Niveau A1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Luc: Gudde Moien, mäin Numm ass Luc an ech stellen iech haut meng Famill vir.  Ech sinn zënter 8 Joer bestuet a meng Fra heescht Sandrine. D'Sandrine huet 37 Joer an hatt huet de 27. Abrëll Gebuertsdag. Zesummen hu mir zwee Kanner, de Vinz an d'Lorie.  Meng Elteren heesche Laurence a Jemp. Si sinn 72 Joer al. Mäi Papp ass am Fréijoer gebuer a meng Mamm am Hierscht.  Mäi Bopa Pierre ass leider schonn 2006 gestuerwen. Meng Boma Germaine lieft awer nach a feiert dëst Joer hir 93 Joer. Ech hunn och eng Schwëster. D'Lisa ass den 23. Dezember 1988 gebuer. Hatt huet dräi Kanner. Zwee Meedercher an ee Jong. Meng Niessen heeschen Emma a Charlotte. Mäin Neveu heescht Finn.   Lisa: Jo, d'Emma ass de 14. Mäerz 2014 gebuer. D'Charlotte ass den 3. Mee 2017 op d'Welt komm an de Finn huet eréischt 4 Joer. Hien ass den 29. Februar 2020 gebuer. Meng Kanner spille ganz gär mat hirem Cousin Vinz an hirer Cousine Lorie.   Vinz: Moien, ech heesche Vinz. Ech hu 5 Joer. Am Oktober kréien ech scho 6 Joer. Meng Schwëster ass nach kleng. Hatt heescht Lorie an hatt huet eréischt 2 Joer.

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 26, 2024

Embed this episode

Ready to play

Meng Famill (A1)

0:00 2:01

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 26, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!