Meteo a Vëlo fueren (A2) episode artwork

EPISODE · Apr 24, 2025 · 4 MIN

Meteo a Vëlo fueren (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune Pläng fir de Weekend maachen-Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptEng Wiederprevisioun  Da Komme mer elo zu der Meteo fir de Weekend: Den Abrëll weist sech dëse Weekend vu senger beschter Säit! E Samschdeg erwaart eis e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature klamme bis op 18 Grad am Norden an 21 Grad am Süde vum Land – perfekt Wieder also fir en Trëppeltour oder den éischte Kaffi op enger Terrass. De Wand bléist nëmme schwaach mat 15 Kilometer an der Stonn. E Sonndeg gëtt et dann nach eng Kéier e bësse méi waarm. D’Sonn weist sech ëmmer méi, an den Thermometer klëmmt bis op 23 Grad. Just moies ginn et e puer vereenzelt Wolleken am Norde vum Land. Perfekt fir en Auslfuch oder e Picknick am Park! Also, dëse Weekend kënnen d’Jackett an de Prabbeli doheem bleiwen, well et gëtt scho bal summerlecht Wieder! E Méindeg gëtt et dann awer schonn erëm méi onbestänneg. D’Temperature falen erëm op ënner 10 Grad an am ganze Land muss ee mat Schauere rechnen. Géint der Owend gëtt et dann och méi lëfteg an de Wand ka bis zu 60 Kilometer an der Stonn blosen. Wéi heescht et esou schéin: Abrëll, Abrëll e weess net wat e wëll. Vëlo fuerenA: Hues du d’Wiederprevisioune fir de Weekend gesinn? Et ginn e Sonndeg 23 Grad a Sonn! B: Herrlech! Da kann ech endlech mäi Vëlo aus dem Garage huelen an e Prett fir déi nei Saison maachen. A: Dat ass eng gutt Iddi! An ech ginn emol erëm en Tour lafen. B: Lafen ass net sou menges, mee ech fuere richteg gär Vëlo, virun allem am Fréijoer an am Summer. A: Wéi vill Kilometer fiers du dann normalerweis? B: Meeschtens tëschent 20 an 30 Kilometer. Heiansdo och méi, wann ech genuch Zäit hunn oder d’Wieder extra gutt ass. Zu Lëtzebuerg ginn et vill flott Vëlosweeër, dat ass flott, fir nei Plazen am Land z’entdecken an e bësse Sport ze maachen. A: Dat stëmmt. Mee 30 Kilometer, dat ass wäit! Virun allem, wann et och biergop geet. Gëss du dann do net ze midd? B: E gi schonn e bësse midd, mee duerno fillen ech mech super! A wann ech wierklech ze midd sinn, maachen ech eng Paus a sëtze mech op eng Bänk an drénken e bësse Waasser. A: Wat fir e Vëlo hues du dann? Ass et e Mountain-Bike? B: Nee, ech hunn e Coursevëlo, esou änlech wéi déi, déi een am Tour de France gesäit. Ech hat fréier och e Mountain-Bike, mee de Moment hunn ech keng Plaz fir zwee Vëloen a mengem Garage. Villäicht kafen ech mir eng Kéier e Gravel-Bike, déi si gutt fir op der Strooss an am Bësch. A: Du kenns dech jo gutt aus. Ech hu leider kee Vëlo, mee ech fueren heiansdo an der Stad mat deene bloen, elektresche Vëloen. Déi sinn och praktesch fir kleng Distanzen. B: Dat stëmmt. Villäicht kanns du der jo eng Kéier sonndes een huelen, a mir maachen zesummen en Tour? A: Dat kléngt flott! Mee da muss ech nach e bëssen trainéieren, datt ech och méi wéi 10 Kilometer packen, haha! B: Mir kënne jo mat engem klengen Tour ufänken. A wa mir méi oft fueren, kënne mer am Summer och beim « Vëlosummer » matmaachen! A: Wat ass dat? B: Dat zielen ech dir eng aner Kéier, ech hunn elo gläich eng Reunioun, sorry! A: Net schlëmm! Da vill Spaass op dengem Tour de Weekend! B: Merci! An du... Laf gutt e Sonndeg! 

NOW PLAYING

Meteo a Vëlo fueren (A2)

0:00 4:29

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on April 24, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune Pläng fir de Weekend maachen-Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptEng Wiederprevisioun  Da Komme mer elo zu der Meteo...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!