Nationalfeierdag am Passé (B1)  episode artwork

EPISODE · Jun 23, 2026 · 4 MIN

Nationalfeierdag am Passé (B1) 

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Salut Marc! An, wat hues du gëschter Owend fir Nationalfeierdag gemaach? B: Moie Sophie! Ma, ech hunn dëst Joer zur Ofwiesslung a mengem Duerf gefeiert. A: Seriö? Ech hat gemengt, du géifs ëmmer an d’Stad goen. B: Jo, dat stëmmt, normalerweis maachen ech dat och. D’lescht Joer hat ech zum Beispill Besuch vu Frënn aus dem Ausland. Ech war mat hinnen an der Uewerstad a mir hunn de ganzen Owend do verbruecht. A: Wat hutt dir gemaach? B: Fir d’éischt si mir e bëssen duerch d’Stad spadséiert. Et waren iwwerall vill Leit ënnerwee, an d’Stëmmung war super. Duerno hu mir dat grousst Freedefeier gekuckt. A: O jo, d’Freedefeier an der Stad ass ëmmer impressionant.  B: Jo, et huet menge Frënn och gutt gefall. Duerno si mir nach op de Glacis gaang. Do hu vill international bekannt Museker an Dje gespillt, an et war gratis! Dat hu meng Frënn bal net gegleeft.  A: Jo, mir hu wierklech Chance. Ech war d’lescht Joer och do. Ech hunn d’Museker zwar net all kannt, mee et war awer flott, fir nei Musek z’entdecken. An et war eng gutt Ambiance, trotz e bësse Reen. Ech hu vill gedanzt. B: Jo, mir och. Et war esou flott, datt mir eréischt moies fréi nees doheem waren! A: Wow! A firwat bass du dëst Joer net an d’Stad feiere gaang? B: Ech wollt et méi entspaant ugoen, a wollt emol gesinn, wat et esou bei mir am Duerf gëtt. Dofir sinn ech do bliwwen. A: An, gouf et do och vill Feierlechkeeten? B: Natierlech! D’Gemeng huet e Fest op der Duerfplaz organiséiert. Et waren och vill lokal Veräiner sur place, déi zum Beispill Grill- oder Gedrénksstänn haten.  A: Cool! Wat fir Iesse gouf dann zerwéiert? B: Virun allem Gegrilltes, also Grillwurschten, Mettwurschten, Kotletten, Fritten… Mee och e puer vegetaresch Platë wéi Gromperekichelcher, an et gouf en asiatesche Foodtruck. A: Wat fir Veräiner waren da present? B: D’Fanfare aus dem Duerf huet gespillt, mee d’Scoute waren och do, esou wéi e puer Sportsclibb. A: Du hues bestëmmt vill Kënneger gesinn. B: Jo, e puer vu mengen Nopere waren do, an e puer aner Leit, déi een heiansdo begéint. Et war flott, esou konnt och och mat Leit schwätzen, déi ech eigentlech net oft gesinn. A: Gouf et dann och en offiziellen Deel? B: Jo, de Buergermeeschter huet eng kuerz Ried gehal. Duerno huet d’Gemeng en Éierwäin offréiert. A: A jo, den traditionellen Éierwäin! B: Genee. Mir hunn zesumme geprost, e bësse geschwat – et war wierklech flott. A: Waren dann och vill jonk Leit do? B: Jo, mee éischter méi spéit. Um 22 Auer huet en DJ op enger klenger Bün opgeluecht, an et hu vill Leit gedanzt. Et war natierlech net esou grouss opgezu wéi um Glacis, mee et war awer ganz flott. A: A wéini waars de dës Kéier doheem? B: Haha, net esou spéit. Ech war no Mëtternuecht am Bett. A: Wat huet dir da besser gefall – Nationalfeierdag an der Stad oder am Duerf? B: Éierlech gesot hu mir béid Feiere gutt gefall. An der Stad ass natierlech méi lass an e schéint Freedefeier, mee et sinn och immens vill Leit ënnerwee. Wann een dat net gär huet, ass et vläicht net sou flott. Am Duerf ass et méi gemitterlech, an et kann ee besser mat de Leit schwätzen. A: Dat stëmmt. Da wënschen ech dir nach e schéinen Nationalfeierdag haut! B: Merci gläichfalls! 

NOW PLAYING

Nationalfeierdag am Passé (B1) 

0:00 4:54

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 23, 2026.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut erzielt eis eng Persoun, wéi si gëschter Nationalfeierdag verbruecht huet, a vergläicht hire Programm mam leschte Joer.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Salut Marc!...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!