Noriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2)

EPISODE · Nov 14, 2024 · 2 MIN

Noriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Simulatioun vun den Neiegkeeten um Radio. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: Gudde Moien! Et ass aacht Auer. Mir héieren elo fir d’éischt d’Meteo an da komme mir bei déi lokal Noriichten aus dem Land. Wéi gëtt d’Wieder haut? Dës Fro stelle sech eng Rei vun eisen Nolauschterer.  Meteo: Haut bleift et zimmlech bedeckt. D’Temperature leien tëschent zéng a fofzéng Grad. Am Nomëtteg kann et op e puer Plazen zu e puer Schauere kommen. Denkt also un Äre Prabelli! An der Nuecht killt et bis op fënnef Grad of. Muer erwaarden eis e bësse méi Sonn an Temperature bis zu uechtzéng Grad. Fir de Weekend ass awer erëm mat Reen a plazeweis Niwwel ze rechnen.  Elo zu der Aktualitéit vum Dag.   Accident op der A7  Am fréie Moie koum et zu engem uergen Accident op der A7 a Richtung Süden. Zwee Autoe sinn aneneegeknuppt. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a koum mat der Ambulanz an d’Spidol. D’Autobunn war fir zwou Stonne gespaart, mee se ass elo erëm normal fir de Verkéier op.  Vermësstemeldung  D’Police sicht no engem siechzéngjärege Mike Da Costa vu Stroossen. Hie gouf fir d’lescht gëschter Mëtteg op engem Busarrêt um Geesseknäppche gesinn. Hien ass ongeféier 1 Meter 75 grouss, huet brong Hoer an hat eng schwaarz Liedersjacket un. Falls Dir dës Persoun gesinn hutt oder Informatiounen hutt, mellt Iech wgl. bei der Police, um 113.  Renovatioun vun der Bibliothéik  D’Bibliothéik ,,Bicherfrënn’’ ass vum nächste Mount u wéinst Renovatiounsaarbechte fir de Public zou. D’Moderniséierung soll dräi Méint daueren a versprécht méi Plaz fir Bicher, nei Liessäll an eng méisproocheg Kannersectioun. Wärend där Zäit kënnt Dir Är Bicher an der Stater Bibliothéik ausléinen.  Sou, dat waren all d’Noriichte fir haut de Moien. Mir wënschen Iech e gudde Start an den Dag! 

NOW PLAYING

Noriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2)

0:00 2:55

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!