Op der Aarbecht: Agenda a Mataarbechter (A2) episode artwork

EPISODE · Sep 23, 2025 · 5 MIN

Op der Aarbecht: Agenda a Mataarbechter (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Aarbecht. Fir d'éischt héiere mir den Agenda vun enger Persoun. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer zwee Mataarbechter schwätzen. Vill Spaass!-TranskriptAarbechtsagendaSekretärin: Gudde Moien, Här Müller. Wéi geet et Iech haut? Chef: Gudde Moien, Monique. Et geet mir gutt, merci. An Iech? Sekretärin: Ganz gutt, merci. Wëllt Dir vläicht de Programm fir haut kucken? Chef: Jo, gär. Wat steet um Agenda? Sekretärin: Um néng Auer hutt Dir e Rendez-vous mam Här Schmidt. Chef: Här Schmidt… ass dat de Client vu Berlin? Sekretärin: Jo, genee. Hien ass fir eng Stonn do. Chef: An der Rei. An dono? Sekretärin: Um Véierel op zéng ass eng Videokonferenz mat der Firma LuxemTech. Chef: Wéi laang dauert déi? Sekretärin: Ongeféier eng hallef Stonn. Chef: Gutt, ech notéieren dat. A wat kënnt no der Mëttesstonn? Sekretärin: Um eng Auer hutt Dir en Iesse mat der Madamm Weber. Chef: A jo, dat Geschäftsiessen hätt ech elo bal vergiess Sekretärin: Jo, si wëll iwwer en neie Projet schwätzen. Chef: Ok a wéi gesäit den Nomëtten aus? Sekretärin: Um dräi Auer ass eng intern Reunioun mam Marketing-Team. Chef: Wéi laang dauert déi? Sekretärin: Eng Stonn. Chef: O mamm.. haut hunn ech jo e volle Programm. Sekretärin: Effektiv.  Chef: Ass dat alles fir haut? Sekretärin: Nee, um véier Auer kënnt den Här Becker fir eng kuerz Presentatioun. Chef: Wéi laang dauert déi? Sekretärin: 30 Minutten. Chef: Perfekt, merci Monique. Dir hutt wéi ëmmer alles gutt virbereet. Sekretärin: Gär geschitt, Här Müller. Soll ech Iech d’Dokumenter fir d’Reunioune bréngen? Chef: Jo, wgl. Ech gi mir eng Taass Kaffi sichen. Wëllt Dir och eng? Sekretärin: Gären. Chef: A, nach eng lescht Fro: Sinn och Rendez-vouse fir muer virgesinn? Sekretärin: Jo, mee muer hutt Dir nëmmen zwee Rendez-vousen. Moies um zéng Auer mam Här Dupont vun der Bank, an am Nomëtten um dräi Auer mat der Madamm Ambrosio fir iwwer de Planning vum Juli ze schwätzen. Chef: An der Rei. Merci nach eng Kéier! Sekretärin: Gär geschitt, Här Müller. Iwwer Mataarbechter schwätzen A: Moien! B: Salut! Wéi geet et dir? A: Jo, et geet! Ech hat grad eng flott an effizient Reunioun. B: Schéin! Mat wiem? A: Mam Iris, Joëlle an Antonio. B: A, den Antonio! Ech gesinn hien heiansdo an der Kantin. Mir iessen heiansdo zesummen. Wéi ass hien esou op der Aarbecht? A: Hien ass super organiséiert an immens grëndlech. Hien huet ëmmer all d’Dokumenter derbäi a weess, vu wat hie schwätzt. An hien ass och immens hëllefsbereet an erkläert alles am Detail. B: Super! Ech fannen hien och immens sympathesch. Ech si frou, datt hien och um Büro e gudden Ekippegeescht huet. Ech hu Leit, déi professionell schaffen, esou gär! A: Ech och! Hien ass och manéierlech. Hie lauschtert no an hien ënnerbrécht keen. Hien ass wierklech e gudde Mënsch. B: Topp! Hien ass de Géigendeel vum Lena! Hatt ass chaotesch an onpénktlech! Hatt war haut eng Dräivéierelstonn ze spéit am Meeting an hat seng Dokumenter net derbäi. Mir mussen eis dowéinst muer nach eng Kéier treffen. Dat ass wierklech net kollegial! A: O jee! Geschitt dat oft? B: Leider jo. A: Dat ass enttäuschend. Den Zesummenhalt vun enger Ekipp ass esou wichteg. Dat huet negativ Suitte fir iech all. B: Jo... hatt ass net motivéiert a meckert vill. A: Vläicht geet et him net gutt. Vläicht huet hatt privat Problemer oder hatt ass onzefridde mat der Aarbecht. B: Jo, dat ka sinn. Mee eis ganz Ekipp leit drënner an d’Ambiance ass fuerchtbar. A: Hues du scho mat him geschwat? B: Nee, ech traue mech net. Hatt ass immens stuer. A: Ech mengen, dat ass eng gutt Iddi. Hatt mierkt vläicht guer net, datt hatt iech all demotivéiert. Et ass besser, du schwätz eleng mat him. Wann d’ganz Ekipp mat em schwätzt, da fillt hatt sech vun iech all attackéiert. B: Ok. Wann et net geet, da kann ech nach bei eis Gruppecheffin goen. Esou kann et net weidergoen. A: Ech wënschen dir vill Gléck! B: Villmools Merci! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Sep 23, 2025

Embed this episode

Ready to play

Op der Aarbecht: Agenda a Mataarbechter (A2)

0:00 5:36

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on September 23, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!