Op e Konveniat goen (A2)

EPISODE · May 21, 2024 · 2 MIN

Op e Konveniat goen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Persoun iwwer de Programm vun hirem Konveniat schwätzt (Niveau A1-A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Denk drun, e Samschdeg ass mäin 20-Joer-Konveniat. Da sinn ech net heiheem.  B: A jo! Wéi ass dann de Programm?  A: De Rendez-vous ass um 10.30 bei der Schoul, mee et fänkt um 11 Auer un. Mir maachen eng Visite guidée vun der Schoul an duerno drénke mir e Patt zesummen. Um 12.30 ass dann en Iesse mat Buffet, mee d’Christine, d’Catherine an ech gi léiwer eng Pizza an eis Liblingspizzeria iessen. Sou wéi fréier!  B: Flott! Wie kënnt dann nach?  A: Aus menger Klass kommen nach d’Stéphanie, d’Charlotte, d’Mandy, den Tom, den David an den Dan. An ech mengen och nach d’Lena, d’Lynn, de Christophe an de Gilles.  B: Topp! Wat maache si dann elo?  A: D’Stéphanie an den Dan si bestuet an hunn e Jong. D’Stéphanie ass Bioproff an den Dan ass Engleschproff. D’Charlotte huet zwee Kanner an ass de Moment am Congé de maternité. Hatt ass och Bioproff. D’Mandy schafft als Model an als Fotografin. Hmm....den Tom ass Affekot...an den David ass de Manager vun engem Betrib. D’Lena...ass Architektin, ... d’Lynn ass Chirurgin, ... de Christophe ... ass Pilot.  B: An de Gilles?   A: Ech weess et net. Hien ass net op de soziale Medien.   B: Aha! Hues de deng Informatiounen all vun do?   A: Ma nee! Mat e puer sinn ech och perséinlech a Kontakt!  B: Kënnt d’Marie och?  A: Nee, hatt wunnt an Australien an huet keng Zäit ze kommen.  B: Schued!  A: Jo...  B: Kommen och Proffe vun der?  A: Ech hoffen, et kommen der e puer. Mir hunn eis zënter 10 Joer net gesinn. Ech freeë mech schonn drop!  

NOW PLAYING

Op e Konveniat goen (A2)

0:00 2:31

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!