Op enger Halloweenparty & Rezept Kürbiszopp (B1) episode artwork

EPISODE · Nov 5, 2024 · 5 MIN

Op enger Halloweenparty & Rezept Kürbiszopp (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Transkipt: Halloweenparty A: Hallo Jessie, mir hunn eis jo scho laang net méi gesinn! Waars du fort an der Allerhellegevakanz?  B: Nee, ech war net fort, mee ech war leider déi ganz Vakanz erkaalt. Ech louch véier Deeg am Bett, dofir hunn ech och dem Max seng Halloweenparty verpasst.   A: O, nee, wierklech? Ech hu mech scho gewonnert, firwat s du net do waars, ech weess wéi gär s du op esou Theemepartye gees.  B: Genau! Ech hat de perfekte Kostüm. Dann halen ech dee wuel fir d’nächst Joer. Dann erziel mol, wéi war et? Wéi waren d’Leit verkleet?  A: Also et war wierklech mega cool! De Max huet seng ganz Wunneng fir déi Geleeënheet dekoréiert. Iwwerall hounge Spannennetzer a Spannen, et ware Bluttspueren op de Maueren, et war ganz däischter dobannen a just Käerze waren un. Seng Niessen hu sech ameséiert Kürbissen auszeschnëtzen an hien huet da Käerzen dragesat an dat als Dekoratioun benotzt. A wéi ech d’Toilettendier opgemaach hu sinn ech richteg erféiert, well e Geescht un der Luucht houng. Also ech kann der soen, et war richteg gespenstesch.  B: Wow! Dat kléngt wierklech gräisslech! Wéi war de Max da verkleet?  A: Ma hie war als Zombie verkleet. Hien hat en zerrappte Pyjama un, säi Gesiicht war ganz wäiss, hien hat mof Aereefer an hien hat iwwerall Bluttflecken.  Jessie: Uuu! Grujeleg! An du?  B: Du weess jo, ech sinn net esou kreativ, dofir hunn ech mir e Vampirekostüm online kaf. Do war alles derbäi, wat ech gebraucht hunn: e schwaarz-roude Mantel, falscht Blutt a Vampirenzänn.  A: Dat kléngt awer och flott! Ech hoffen ech kann d’nächst Kéier och derbäi sinn.   B: Ech hoffen och. So, an deng Kanner, hu si eppes fir déi Occasioun gemaach?  A: Jo, si ware mat hirem Papp an d’Abtei Neimënster. Do si ganz vill Aktivitéite fir Kanner organiséiert ginn. Et konnt ee sech d’Gesiicht fierwe loossen, et konnt een an e Labyrinth spadséiere goen, grujeleg Geschichten héieren an nach villes méi.  B: Genial! Dann hate si bestëmmt ganz vill Spaass.  A: Du sees et!  Rezept Kürbiszopp Fir eng Zopp fir véier Persoune braucht dir : Een Hokkaido-Kürbis (ongeféier ee Kilo), zwou Muerten, eng grouss Ënn, zwou Knuewelekszéiwen, e Stéck Ingwer, ongeféier zwee Zentimeter grouss, een Iessläffel Olivenueleg, een Téiläffel Kümmel, een Téiläffel Kurkuma, en hallwen Téiläffel Kanéil, en hallwen Téiläffel Koriander, eng Béchs Kokosmëllech (400 Milliliter), 800 Milliliter Britt, Salz a Peffer.  Fir d’éischt preparéiere mir d’Geméis. Den Hokkaido-Kürbis musst dir net schielen, just wäschen. Da schneit dir de Kürbis an zwee an huelt d’Käre mat engem Läffel eraus. Da schneit dir de Kürbis a kleng Stécker.  Dir schielt d’Muerten a schneit se och a Stécker. D’Ënn gëtt geschielt an zesumme mam Knuewelek a kleng Stécker geschnidden. Den Ingwer gëtt och geschielt a gerappt. E klengen Tipp vu mir: Probéiert den Ingwer mat engem Téiläffel ze schielen. Dat geet relativ gutt.  Huelt e grousst Dëppen an erhëtzt en Iessläffel Ueleg. Da gitt dir d’Ënn, de Knuewelek an den Ingwer dobäi a brot alles fir zwou bis dräi Minutten un. D’Ënn soll glaseg sinn, also duerchsiichteg.  Da kommen d’Gewierzer dobäi: de Kümmel, de Kurkuma, de Kanéil an de Koriander. Brot se ongeféier eng Minutt mat un.   Elo ass et um Geméis : gitt de Kürbis an d’Muertestécker an d’Dëppen. Réiert alles gutt ëm, datt d’Gewierzer sech gutt mam Geméis vermëschen.  Da kënnt d’Britt dobäi. Verréiert alles gutt a leet den Deckel op d’Dëppen. Dat Ganzt musse lo ongeféier zwanzeg Minutte kachen, bis de Kürbis mëll ass.  Wann de Kürbis bis mëll ass, kënnt dir d’Dëppe vun der Flam huelen an alles püréieren. Dofir kënnt dir en Handmixer oder e Blender huelen an dat Ganzt mixen, bis et eng cremeg Konsistenz huet.  Da kënnt d’Kokosmëllech dobäi. Déi mécht d’Zopp nach méi cremeg a gëtt e liicht séisse Goût.  Zum Schluss eng Kéier alles mat Salz a Peffer no ärem Goût nowierzen.  Elo ass är Zopp fäerdeg a kann zerwéiert ginn. Wann dir wëllt, kënnt dir se och mat frësche Korianderblieder oder Kürbiskären dekoréieren. 

NOW PLAYING

Op enger Halloweenparty & Rezept Kürbiszopp (B1)

0:00 5:57

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on November 5, 2024.

What is this episode about?

Transkipt: Halloweenparty A: Hallo Jessie, mir hunn eis jo scho laang net méi gesinn! Waars du fort an der Allerhellegevakanz?  B: Nee, ech war net fort, mee ech war leider déi ganz Vakanz erkaalt. Ech louch véier Deeg am Bett, dofir hunn ech och...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!