Pläng a Projete fir d'Zukunft (A2) episode artwork

EPISODE · Mar 19, 2024 · 2 MIN

Pläng a Projete fir d'Zukunft (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat Pläng fir d'Zukunft schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours? Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo dräimol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache geléiert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vill doheem léieren. Mee ech wëll onbedéngt an engem Joer fléissend Englesch schwätzen, fir meng Aarbechtskolleege besser ze verstoen. Kelly: Jo, eng Sprooch léieren ass net esou einfach. Du hues jo awer e konkreet Zil an dat ass gutt fir d’Motivatioun. Et ass bestëmmt och e Virdeel fir deng berufflech Karriär. Vläicht wëlls de jo eemol am Ausland schaffen! Ech wëll mech elo och e bësse weiderbilde fir meng Aarbecht. Gilles: Dat ass ëmmer eng gutt Iddi! A wat fir eng Richtung dann? Kelly: Ech schaffen elo schonn dräi Joer a menger Entreprise an ech hätt gär méi Responsabilitéit. Dofir muss ech awer nach e puer Saache léieren. Ech hu virun e puer Deeg um Internet eng interessant Formatioun am Beräich Project Management gesinn. Déi gesäit interessant aus. Gilles: Ma da mell dech do un! Do léiers de bestëmmt vill Saachen. Kelly: Jo, dat sécher. Ech muss just kucken, ob ech genuch Zäit dofir hunn. Ech hunn nämlech och nach e perséinlecht Zil - mäi Frënd an ech wëllen eis Enn des Jores bestueden. Gilles: Wow, Gléckwonsch! Da sidd dir bestëmmt schonn déck amgaang ze plangen. Kelly: Jo, et gëtt immens vill z’organiséieren, well dem Giuseppe seng Famill jo an Italie wunnt. Gilles: Dat gleewen ech. Et ass ni einfach, eng Hochzäit z’organiséieren, mee et gëtt bestëmmt e wonnerbaren Dag. Kelly: Dat sinn ech mer sécher. Du wäerts deemnächst natierlech och eng Invitatioun geschéckt kréien! Gilles: O, da sinn ech awer elo gespaant!

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Mar 19, 2024

Embed this episode

Ready to play

Pläng a Projete fir d'Zukunft (A2)

0:00 2:13

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 19, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!