Pläng fir Ouschteren an eng Wanderung (A2) episode artwork

EPISODE · Apr 16, 2025 · 4 MIN

Pläng fir Ouschteren an eng Wanderung (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir Pläng fir den Ouschterweekend schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptPläng fir Ouschteren A: An, hues de schonn eppes vir fir den Ouschterweekend? B: Jo, natierlech! Mir maachen de vollen Ouschterprogramm mat eiesem Klengen. E Samschdeg fierwe mir doheem Ouschtereeër, dorops freet hie sech schonn immens. E Sonndeg fuere mir da bei d’Boma an de Bopa fir d’Ouschteriessen. A: Dat kléngt flott! Gëtt et da bei iech eppes Spezielles fir z’iessen? B: Jo, meng Mamm mécht wéi all Joer en Hämmelsbrot an duerno ginn et natierlech och nach Ouschtereeër aus Schockela an eng Bretzel als Dessert. Am Nomëtteg verstoppe mir Eeër am Gaart a siche se da mat deem Klengen. D’lescht Joer huet hie sech immens gefreet, wéi hie se fonnt huet! A: Dat gleewen ech! Ouschteren ass ëmmer e flott Fest fir Kanner. B: Dat ass wouer. An du? Feiers du och Ouschteren? A: Nee, net wierklech. Ech freeë mech awer, datt Ouschterméindeg hei e Feierdag ass. Ech profitéiere vum laange Weekend a fuere mat mengem Frënd op Amsterdam. B: Cool! Wat hutt dir dann do geplangt? A: Näischt Extraes, mir ware jo schon e puer Mol do. Ech wëll e bësse shoppe goen a vläicht mat engem Boot fueren. Am Rijksmusée war ech nach net, an do ass eng flott Ausstellung. Et ginn och vill gutt Restauranten zu Amsterdam, dorop freeën ech mech och schon. B: Dann hoffen ech, datt d’Wieder matspillt an dir gutt vun ärem Weekend profitéiere kënnt. A: Merci, an dir natierlech och! Net, datt dir herno mam Prabbeli no Eeër siche musst, haha! B: O, noutfalls verstoppt den Ouschterhues se dann dobannen. Dat hate mir och schonn!  Eng Wanderung plangen Luc: Moien Emma! Hues du Loscht, e Samschdeg eng Wanderung ze maachen? Emma: Moie Luc! Jo, dat ass eng gutt Iddi. Wuer wëlls de goen? Luc: Mir kéinten an de Mëllerdall goen. Do ass et ganz schéin, et gi Fielsen, kleng Flëss a flott Wanderweeër. Emma: Dat kléngt super! Ech war nach ni do. Wéi laang dauert d’Wanderung? Luc: Ongeféier dräi Stonnen. Mir kënne Pause maachen an eppes Klenges iessen. Emma: Super! Wéi ass d’Wieder e Samschdeg? Luc: D’Wieder soll gutt sinn, mee et weess een ni. Du weess jo, wéi dat zu Lëtzebuerg ass.  Emma: Jo (laacht). Ech weess awer net richteg, wéi eng Schong ech undoe soll. Luc: Du brauchs bequeem a stabil Wanderschong. D’Weeër am Bësch kënnen e bësse rutscheg sinn, virun allem wann et reent. Turnschlappen mat enger gudder Suel sinn och ok, mee op kee Fall Sandalen oder normal Alldagsschong. Emma: A, ech hu gutt Sportschong. Dat misst goen, oder? Luc: Jo, dat geet! Et wier och gutt, wann s du eng Reejackett an eng waasserdicht Box undees, da gëss de net naass, falls et dann awer reene géif. Emma: O, gutt, datt s du dat sees! Ech hätt net dru geduecht. Ech huelen eng Reejackett mat. Muss ech nach eppes Wichteges mathuelen? Luc: Jo, e Rucksak mat Waasser an eppes Klenges fir z’iessen. E klengen Energiesnack wéi eng Banann, Dattelen oder e puer Nëss, sinn ëmmer gutt. Emma: Ok. Ech huelen eppes fir eis zwee mat.  Luc: Merci, dat ass léif. Emma: Gi mir dono nach an e Restaurant iessen? Luc: Kloer, am Duerf gëtt et e Restaurant. Si hu lëtzebuergesch Spezialitéiten, wéi Bouneschlupp, Kniddelen a Gromperekichelcher. Emma: Mmm, dat kléngt lecker! Ech hunn elo scho Loscht drop! Luc: Ech och! Komm mir treffen eis um 10 Auer op der Gare. Emma: Perfekt! Bis e Samschdeg! 

NOW PLAYING

Pläng fir Ouschteren an eng Wanderung (A2)

0:00 4:34

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on April 16, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir Pläng fir den Ouschterweekend schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!