Réckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2) episode artwork

EPISODE · Jun 24, 2025 · 5 MIN

Réckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!-Transkript:Réckbléck - NationalfeierdagEmma: Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag?Alma: Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend!Emma: Cool, wat hues du da gemaach?Alma: Ech si géint aacht Auer mat enger Frëndin an d'Stad gefuer. Et ware scho vill Leit do an d'Stëmmung war richteg flott. Mir sinn duerch d’Stad getrëppelt a ware bei déi verschidde Bünen. Et gouf Live-Musek an DJ-en. Mir wollten och onbedéngt d’Freedefeier kucken, dofir si mir op de Pont Adolphe gaangen. Emma: A... Déi nei Bréck. War do net ze vill Gedrécks? Alma: Dach, wéi ëmmer, mee et war wierklech der Wäert.Emma: Ech hunn d’Fotoe gesinn et huet wierklech fantastesch ausgesinn. Bass de dono direkt heemgaangen?Alms: Nee, mir si nach eng Zäit do bliwwen, hunn eng Wurscht bei engem Stand giess an e Patt gedronk. An du? Hues de och eppes gemaach?Emma: Jo, awer éischter den 23. Juni. Mee meng Kanner waren awer mat de Scoute beim Fakelzuch derbäi. Alma: A, cool! Wat hues du dann den 23. gemaach?Emma: Ech hu mer d’Militärparad ugekuckt. Ech wollt dat scho laang mol live gesinn.Alma: A wéi war et?Emma: Super! Ech war schonn um hallwer zéng do, fir eng gutt Plaz ze kréien. Et war wierklech flott déi Groussherzoglech Koppel ze gesinn.Alma: O, du hues se wierklech gesinn?Emma: Jo! Si sinn och laanscht gefuer a jiddereen huet mat de Fändele gewonk. Alma: Dat kléngt wierklech schéin. Vläicht ginn ech d’nächst Joer och kucken.Emma: Jo, mee vläicht gesäis de nächst Joer net méi de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria-Theresa. Am Oktober ass jo den Trounwiessel. Alma: Stëmmt! De Prënz Guillaume gëtt jo dann offiziell Groussherzog. Ech si wierklech gespaant, wéi dat wäert ginn.Emma: Ech och! An ech froe mech, wéi d’Nationalfeierdag dann d’nächst Joer ausgesäit. Vläicht gëtt eppes Neies organiséiert?Alma: Hmm… Wie weess.Fir en Test léieren Julie: Salut Nora! Kanns du mir e bëssen hëllefen? Nora: Salut Julie! Natierlech, wat ass lass? Julie: Ech hu geschwënn en Test am Lëtzebuergeschen an ech weess net richteg, wéi ech mech preparéiere soll. Mir maachen en Héierverstoen, Liesverstoen a schrëftlechen Ausdrock. Nora: A, jo, ech hunn och ee viru Kuerzem gemaach. Ech kann dir e puer Tipps ginn. Wéi léiers du normalerweis? Julie: Ech léieren e bëssen d’Vokabelen, déi mir am Cours gesinn an ech maachen e puer Übungen am Buch. Mee ech fäerten, dass ech am Héier-a Liesverstoen näischt verstinn. Nora: Fir d’Héierverstoe recommandéieren ech dir Podcasten ze lauschteren oder Videoen ze kucken. Op Youtube fënnt ee genuch Videoen an du kanns och de Podcast Poterkëscht lauschteren. Wichteg ass, dass du Saache fir däin Niveau fënns. Julie: Soll ech beim lauschteren och Saachen notéieren? Nora: Jo, dat hëlleft definitiv. Schreif d’Wierder op, déi s du net kenns, a probéier se dono nozeschloen, am LOD.lu zum Beispill. A wann s du d’Transkriptioun fënns, da lies dono eng Kéier den Text. Julie: Ok. A fir d’Liesverstoen? Nora: Hmm, wéi gesot, du kanns d’Transkriptioune vun den Audioe liesen, d’Texter aus dem Buch a Kannerbicher sinn och super fir den Ufank. Huel dir Zäit beim Liesen a stell dir selwer e puer Froen, wéi zum Beispill : Wien? Wat? Wéini? Wou? Notéier dono d’Äntwerten. Julie: Ganz gutt Iddi! A wat ass mam schrëftlechen Ausdrock? Nora: Schreif kleng Texter a fro däi Proff, e Kolleeg oder eng Frëndin, fir se ze verbesseren. Du kanns d’Orthografie och op Spellchecker.lu oder Saz.lu verbesseren. Julie: Dat ass eng super Iddi. Wéi laang soll ech all Dag léieren? Nora: 20 Minutte pro Dag si scho gutt. Méi wichteg ass, dass du reegelméisseg léiers.  Julie: Du hues mir elo wierklech gehollef! Ech fille mech direkt besser! Nora: Dat freet mech. A jo, bal hätt ech vergiess, du kanns och op LLO.lu oder Exercice.lu verschidden Exercicë maachen a Lëtzebuergesch léieren.  Julie: Jo, dat kennen ech schonn. Merci! 

NOW PLAYING

Réckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2)

0:00 5:33

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 24, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!-Transkript:Réckbléck - NationalfeierdagEmma: Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag?Alma: Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend!Emma: Cool, wat hues du da gemaach?Alma: Ech si géint aacht Auer mat...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!