Renovatioun an e Miwwel opbauen (B1) episode artwork

EPISODE · Jun 26, 2025 · 4 MIN

Renovatioun an e Miwwel opbauen (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatiounsaarbecht schwätzen. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen zesummen e Bett opbauen. -Transkript:Eng Wunneng renovéieren A: Moie Jenny, wéi ass et? Ech hunn héieren, du an de Marc, dir plënnert geschwënn? B: Jo, mir hunn endlech eppes fonnt, wat an eise Budget gepasst huet. Et ass en zimmlech grousst Appartement mat zwee Schlofzëmmeren zu Märel. A: Flott! Kënnt dir direkt eraplënneren? B: Nee, leider net. D’Wunneng ass e bëssen ze almoudesch fir eise Goût a mir hunn decidéiert, se e bëssen ze renovéieren.  A: A sou! Wat loosst dir da maachen? B: Relativ vill.. fir d’éischt ginn nei Waasserleitunge geluecht, well d’Réier schonn al sinn. Et ass eng Residence aus de 70er Joren. Da gëtt och de Buedem an der Stuff nei gemaach, do ass elo nämlech nach Tapis plein. Kanns de dir dat virstellen? A: Dat wier näischt fir mech, mat mengen Allergien… an dir hutt jo och nach en Hond… B: Eeben! Dofir gëtt den Tapis plein erausgerappt an et gëtt e Laminatbuedem mat Holzoptik geluecht. An da wëll de Marc och gär d’Schlofzëmmer an d’Stuff nei usträichen, well him d’Faarf net gefält. A: Dat kléngt no vill Aarbecht… an och Niewekäschten… Hat dir dat alles mat ageplangt? B: Na ja, wéi mir d’Wunneng kucke waren, war eis scho kloer, datt mir se e bëssen almoudesch fannen. Mee d’Lag ass top, direkt beim Märeler Park, a se huet och eng Garage mat Parkplaz. Dat war eis wichteg. A fir dee Präis hate mir soss näischt an der Stad fonnt… Mee mir hunn e Kolleeg vu mengem Papp, deen eis hëlleft mam Buedem, an Usträiche wollte mir selwer maachen. A: A, dat geet jo dann. A schlussendlech hues du dann eng Wunneng, déi esou ass, wéi s du se gär häss. B: Dat stëmmt. Laangfristeg gesinn lount et sech sécher, mee de Moment ass alles e bësse stresseg. Ech hoffen, datt mir awer an zwee Méint eraplënnere kënnen. A: Ech hoffen och fir dech! A wann s de hëllef brauchs, fir unzesträichen oder Miwwel opzebauen, mell dech. B: Merci, vläicht kommen ech nach op déi Offer zeréck!  E Miwwel opbauen A: Ok, dat hei misst d’Bettgestell sinn. Mat wat solle mir ufänken? B: Am beschte mam Kader. Hei ass d’Beschreiwung, kuck emol. A: Merci. Hmm… fir d’éischt musse mer d’Säitestécker mam Kappdeel verschrauwen. Gëff mir emol den Imbusschlëssel. B: Dee klengen oder dee groussen? A: Dee klenge misst duergoen. Merci! Kanns du an där Zäit wgl. d’Schrauwen zortéieren? B: Ok. Brauchs du den Akkuschrauber net? A: Nach net, mee gläich.  O mei, d’Schrauwe sëtzen awer zimmlech fest. Kanns du mir de Gummishummer reechen?  B: Hei. Pass op, datt s de d’Holz net futti méchs! A : Nee, nee, keng Suerg, ech passen op. Sou… dat passt. Elo brauch ech e Schrauwenzéier, fir de Kader vum Ressort unzeschrauwen. B: Wou ass en? Ech fannen en net. A: E misst ganz ënnen an der Geschierkëscht leien. Kuck emol do. B: A jo, hei ass en. Voilà. A: Merci!  B: Klappt jo ganz gutt bis elo, oder?  A: Jo, zu zwee geet et méi séier.  B : Definitiv. A wa mer fäerdeg sinn, ginn ech der een aus. A: Deal! Mee gëff mer nach emol d’Waasserwo, ech wëll kucken, ob d’Bett riicht steet. B: Hei ass se. A: Merci. Jo, et ass alles riicht. Uff. Sou, elo musse mer just nach de Ressort uschrauwen, an dann ass dat Schlëmmst gepackt. 

NOW PLAYING

Renovatioun an e Miwwel opbauen (B1)

0:00 4:37

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 26, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatiounsaarbecht schwätzen. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen zesummen e Bett opbauen. -Transkript:Eng Wunneng renovéieren A: Moie Jenny, wéi ass et? Ech...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!