Reservatioun am Restaurant a beim Traiteur bestellen (A2) episode artwork

EPISODE · Nov 12, 2024 · 5 MIN

Reservatioun am Restaurant a beim Traiteur bestellen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Transkript: Reservatioun am Restaurant Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?  Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.  Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?  Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.  Restaurant: An der Rei. Fir wéi vill Persounen?  Client: Fir véier Persounen, wannechgelift.  Restaurant: Sëtzt dir léiwer dobannen oder op der Terrass?  Client: Léiwer dobannen. Kéinte mir en Dësch bei der Fënster kréien, wannechgelift?  Restaurant : Ee Moment, ech kucken… jo, dat geet.   Client: Super, Merci!   Restaurant: Da brauch ech just Ären Numm an eng Telefonsnummer, wannechgelift.  Client: Mäin Numm ass Silva. Meng Telefonsnummer ass 671 57 90 23. Ech hu just eng Fro: Hutt dir och e puer vegetaresch Platen?  Restaurant: Jo, mir hunn op d’mannst eng vegetaresch Optioun pro Gang.   Client: Dat kléngt gutt! An nach eng aner Fro: Meng Frëndin huet eng Glutenintoleranz. Hutt dir och e puer Optiounen ouni Gluten?  Restaurant: Jo, eis glutefräi Plate sinn extra gekennzeechent. Dir kënnt de Menü och op eisem Internetsite kucken.   Client: A, super, da soen ech menger Frëndin dat. Villmools Merci.  Restaurant: Et ass gär geschitt. Bis muer den Owend!  Client: Jo, bis muer!  Telefonat mam Traiteur  A : Gudde Moien, Traiteur ,,Gudden Appetit’’, wéi kann ech Iech hëllefen ?  B : Moien, hei ass Weber. Ech ruffen u well ech eng Feier fir eng Aarbechtskolleegin, déi an d’Pensioun geet, plangen. Ech géif gär bei Iech d’Iessen an e bëssen Ekipement bestellen.  A: Dat kléngt flott! Fir wéi vill Persoune wier et?  B: Ongeféier fofzeg Persounen.  A: An der Rei. Hutt Dir schonn eng Iddi, wat fir en Iessen dir gär bestelle wëllt? Mir proposéiere verschidde Menüen, Buffeten a Fingerfood.  B: Mir hätte gär e Buffet. Et wier gutt, wa fir jiddereen eppes dobäi wier – also eppes Vegetaresches a Veganes, mee och Plate mat Fleesch.  A: Natierlech! Mir kënnen e gemëschte Buffet ubieden, mat waarmen a kale Platen. Zum Beispill: gebrodene Poulet, e Curry mat Tofu, verschidden Zaloten a Bäilage wéi Räis a gebrode Gromperen. Fir den Dessert kënne mir e puer Mini-Desserte proposéieren, zum Beispill Panna Cotta, Uebstzalot a kleng Schockelastäertercher. Wier dat eppes ?  B : Jo, dat kléngt perfekt ! Kéinte mir och e puer Schnittercher kréien ?  A : Jo. Mir proposéiere Schnittercher mat Saumon, Ham a Kéis, an och e puer vegan Häppercher mat Avocado an Hummus. Wéi vill Schnittercher hätt Dir gär?  B: Hmm, et si fofzeg Leit, vläicht zwee oder dräi Schnittercher op de Kapp ?  A : Dat geet an d’Rei. Mir kënnen Iech eng Këscht mat 150 Schnittercher preparéieren. Wëllt Dir och d’Gedrénks bei eis bestellen?  B: Jo, dat wier praktesch. Mir hätte gär platt a Spruddelwaasser, Orangëjus an e puer Softdrinks. Mir këmmeren eis selwer ëm dat alkoholescht Gedrénks.   A: Ok, mir liwweren da just d’Gedrénks ouni Alkohol. Braucht dir och Glieser a Geschier?  B: Jo, wannechgelift. Mir brauchen och e puer Dëscher a Still. Kënnt Dir eis déi och bréngen?  A: Dat ass kee Problem. Wéi vill braucht dir?  B: Mir hätte gär zéng héich Dëscher fir den Apero a genuch Dëscher a Still fir ongeféier fofzeg Leit.  A: An der Rei, et ass notéiert. Braucht Dir och Dëscheldicher oder soss Dekoratioun ?  B : Dëscheldicher wiere super, d’Deko hu mir schonn.  A : Perfekt. Wéini a wou genee ass Är Feier ?  B : D’Feier ass de 25. November an eisem Büro um Boulevard John F. Kennedy. Et wier flott, wann dir moies géint zéng Auer schonn alles opriichte kéint.  A: Dat geet. Hutt Dir soss nach e puer Extrawënsch?  B: Nee, dat ass alles. Villmools Merci fir Är Hëllef!  A: Ganz gär, Madamm Weber. Mir freeën eis, Iech fir Är Feier ze hëllefen. Mir schécken Iech dann an deenen nächsten Deeg en Devis. Wann alles OK ass, schécke mir Iech d’Rechnung. Dir musst dann eng Woch am Viraus e klengen Acompte bezuelen, an de Rescht no der Feier.  B: An der Rei. Merci! Wann ech eng Fro hunn, mellen ech mech nach eng Kéier.  A: An der Rei. Äddi!

NOW PLAYING

Reservatioun am Restaurant a beim Traiteur bestellen (A2)

0:00 5:14

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on November 12, 2024.

What is this episode about?

Transkript: Reservatioun am Restaurant Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?  Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.  Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?  Client: Fir...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!