S02 Carambolage: Trailer episode artwork

EPISODE · Apr 14, 2025

S02 Carambolage: Trailer

from Zeenewiessel · host radio 100,7

Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Apr 14, 2025

Embed this episode

Ready to play

S02 Carambolage: Trailer

0:00 0:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

When was this Zeenewiessel episode published?

This episode was published on April 14, 2025.

Can I download this Zeenewiessel episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!