Zeenewiessel podcast artwork

PODCAST · news

Zeenewiessel

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.

  1. 36

    S04E06: Wéi ee Saumon an der Uelzecht

    An den 1950er gouf hei am Land de leschte Saumon gesinn. Fréier konnt een dëse Wanderfësch tonneweis an der Uelzecht fänken. Kéint e Retour vum Saumon geléngen, wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgaben erleedegt? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  2. 35

    S04E05: Ugezaapt

    Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist, ass d'Land net gutt opgestallt, fir Verdeelungskämpf ëm d'Waasser nohalteg ze reegelen. Bleift genuch Waasser fir d'Uelzecht iwwreg? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei: Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  3. 34

    S04E04: Stad, Land, Floss

    De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och fir Landwirtschaft a Wunnengsbau wäertvoll. Een Immobilieprojet zu Walfer weist, wéi schwiereg et ass un Terraine fir d'Renaturéierung vun der Uelzecht ze kommen. Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  4. 33

    S04E03: Ugepifft!

    Zënter den 1960er huet d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech op Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert. Elo ginn et am Land eng 180.000 Ranner. Mam Resultat, datt enorm Quantitéite Gülle als Dünger op de Felder lant. An ze vill Dünger dréit dozou bäi, datt Flëss a Baachen erstécken. Muss de Véibestand reduzéiert ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich.  Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  5. 32

    S04E02: Gekläert?

    Laang huet Lëtzebuerg wéineg a Kläranlagen investéiert a krut dowéinst och eng Milliounestrof vun der EU. Elo sinn d'Anlagen EU-konform, mee fir d'Uelzecht nach ëmmer eng ze grouss Belaaschtung. D'Flosspartnerschaft Uelzecht huet sech dowéinst géint de Bau vun enger Jugurtsfabrik zu Beetebuerg gewiert. Déi griichesch Molkerei Fage ass schlussendlech net komm. Mee et muss ëmmer méi kommunaalt Ofwaasser traitéiert ginn. Wéi vill Kläranlage packt d'Uelzecht nach? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  6. 31

    S04E01: De Präis vum Fortschrëtt

    Vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert war d'Uelzecht mat hire Millen ee Wuesstemsmotor. Mat der Industrialiséierung lant ëmmer méi Knascht am Waasser, d'Uelzecht gëtt zu enger Kloak. Mee d'Zäiten ännere sech: An den 1960er, bei engem Geriichtsprozess ëm d’Schwämm op der Gantebeensmillen, steet d’Uelzecht op eemol am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Gestridde gëtt iwwer eng Fro, déi bis haut relevant ass: Muss een déi negativ Konsequenze vum Wuesstem a Kaf huelen? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a –mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  7. 30

    S04E00: Trailer

    D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. A Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden Zoustand bréngen. Wéi kann d'Uelzecht dat Zil jee erreechen, wa Bevëlkerung a Wirtschaft weider wuessen? Dëse Froe ginn d'Charlotte Bruneau an d'Pia Oppel a 6 Episoden no. "Iwwerfloss" heescht eis nei Serie am Zeenewiessel. Zeenewiessel gëtt produzéiert mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes an Dany Weyler. Sound-Design a Musek: Jamie Reinert. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  8. 29

    S03E05: Chefsaach

    De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft huet. Dës Affär weist, wéi schwiereg et fir Plattformaarbechter:inne ka sinn, hir Rechter ze verteidegen. Wëllt Lëtzebuerg de legale Kader veränneren, fir datt dat an Zukunft méi einfach gëtt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu De ganzen Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

  9. 28

    S03E04: Nei Spillreegelen

    An der EU schaffen ëmmer méi Leit fir digital Plattformen. An dat deels ënner prekäre Conditiounen. Dorunner soll sech mat enger neier Direktiv elo eppes änneren. Mee wéinst gréisserem Widderstand gouf dëse Projet staark verwässert. Wat mécht déi nei Reegele fir d’Plattformekonomie esou ëmstridden? A ginn d’Rechter vu Plattformaarbechter:innen elo gestäerkt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes, Danièle Weber a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der ganzer Episod fannt dir hei.

  10. 27

    S03E03: Uber-raschung

    Digital Plattformen, déi iwwer eng App Servicer ubidden, hunn net ëmmer Succès mat hirem Geschäftsmodell. An engem wichtege Secteur krute si sech zu Lëtzebuerg bis haut net duerchgesat: D’Taxiwiesen. An dat obwuel d’Taxi-App Uber scho virun zéng Joer versicht huet, sech hei ze lancéieren. Aus strategesche Grënn, wéi intern Dokumenter vun der Firma, déi sougenannt "Uber Files", weisen. "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

  11. 26

    Zeenewiessel um Prix Europa

    De Radio 100,7 ass dëst Joer fir de Prix Europa nominéiert. Als éischte Lëtzebuerger Medium iwwerhaapt. Eis Zeenewiessel-Serie “Carambolage” iwwer d’Caritas-Affär ass fir de Präis vun der beschter europäescher Audio-Investigatioun am Rennen. Zesumme mat Produktioune vun der BBC, der RTBF, der ARD a vun enger Dosen aneren ëffentlech-rechtleche Medien. D’Pia Oppel mellt sech aus dem Runfunkhaus vum Sender RBB zu Berlin aschwätzt mam Jean-Claude Franck doriwwer wéi d’Presentatioun vun eiser Podcast-Serie virum Jury ofgelaf ass. A wéi eng aner spannend Produktiounen nominéiert sinn. An et gëtt ee kuerzen Update, wou d’Caritas-Affär den Ament drun ass.

  12. 25

    S03E02: Fräie Fall

    Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen, dee si dobäi ënnerstëtzt. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

  13. 24

    S03E01: Schéin nei Aarbechtswelt

    D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei Clienten, déi hir Bestellungen iwwer eng App maachen. Den 32 Joer ale Syrer ass mat senger Famill op Lëtzebuerg geflücht. An der éischter Episod vun “Ausgeliwwert” begleet de Léonardo Kahn hien a sengem Aarbechtsalldag. Een Alldag, dee markéiert ass vun der Hoffnung awer e bësse méi ze verdénge wéi de Mindestloun. “Ausgeliwwert”, eng Recherche iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg, ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

  14. 23

    S03E00: Trailer

    Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei am Land. Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episoden no. “Ausgeliwwert” heescht eis drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  15. 22

    Schlechte Schüler E06: Net vu schlechten Elteren

    Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-6-1684060030 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  16. 21

    Schlechte Schüler E05: Am Speckgürtel

    Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi se ass?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/article/aktualiteit/schlechte-schuler-transkript-vun-der-episod-5 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  17. 20

    Schlechte Schüler E04: En français, s'il te plaît

    Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-4 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  18. 19

    Schlechte Schüler E03: Esch international

    D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-3 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  19. 18

    Schlechte Schüler E02: Zeréck an d'Zukunft

    An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-2-1625279074 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  20. 17

    Schlechte Schüler E01: Op den Ufank kënnt et un

    Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-1 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  21. 16

    Schlechte Schüler: Trailer

    Déi franséisch Alphabetisatioun soll vun der Rentrée 2026 un an alle Grondschoulen ugebuede ginn. Dee Projet geheit Froen op. Froen, op déi Dir an eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler" eng ganz Rei äntwerte fannt. Dës Serie aus dem Joer 2022 ass haut nach grad esou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? A wann Dir Leit kennt, déi sech fir de Sujet interesséieren, mee kee Lëtzebuergesch verstinn, de "Mauvais Elève" gëtt op och Franséisch. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

  22. 15

    The Caritas Affair

    Hutt Dir Kollegen, mat deenen Dir bis elo net iwwer d’Hannergrënn vun der Caritas-Affär diskutéiere konnt, well se kee Lëtzebuergesch schwätzen? Ma da sot hinne gäre Bescheed, well et gëtt elo och eng Versioun mat engleschen Ënnertitelen. Deelt dëse Link also gäre mat jidderengem, dee kéint interesséiert sinn. Den Zeenewiessel-Team seet Merci!

  23. 14

    S02E08: Net just ee Bedruch

    An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  24. 13

    S02E07: International Konsequenzen

    Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am Südsudan verléieren hiren Job. Firwat gouf anescht wéi bei den nationalen Aktivitéite vun der Caritas keng Léisung fonnt?  Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  25. 12

    S02E06: Politesch Decisiounen

    Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner groussem Zäitdrock no Léisunge gesicht. Sinn déi richteg Decisioune geholl ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  26. 11

    S02E05: De Bistum

    Am Summer 2024 muss d'Kierch entscheeden, ob si d'Caritas ka retten. No éischte Versich an d'Krisegestioun anzegräifen, léisst de Kardinol Jean-Claude Hollerich déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun falen. Firwat? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  27. 10

    S02E04: De Verwaltungsrot

    De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  28. 9

    S02E03: D'Direktioun

    Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal 6 Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Déi véier Direktiounsmemberen diskutéieren déi Woch e puermol iwwer déi schwiereg Finanzlag vun der Caritas. Trotzdeem dauert et néng Deeg bis d'Fraude opflitt. Wéi ass dat méiglech? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  29. 8

    S02E02: D'Banken

    Vum 27. Mäerz 2024 u geet d'Caritas-Finanzdirektesch Sue bei d'Banke léinen. Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro hëlt d'Fondatioun Caritas an de Wochen duerno op. All dës Sue gi geklaut. An d'Organisatioun bleift op engem Bierg Scholde sëtzen. Wéi konnt dat geschéien? "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  30. 7

    S02E01: D'Finanzdirektesch

    De 7. Februar 2024 kritt d'Caritas-Finanzdirektesch e Mail vum "marc.crochet55(at)gmail.com". Si soll dem Generaldirekter Marc Crochet bei enger geheimer finanzieller Transaktioun hëllefen. An hir Äntwert kënnt direkt: "Ok bien reçu". Wéi verhält d'Finanzdirektesch sech wärend den éischte Woche vun der Fraude? A wéi kann et sinn, datt si op ee Presidententrick eragefall ass? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  31. 6

    S02 Carambolage: Trailer

    Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  32. 5

    S01E04: De Rechtsstaat

    D'Khadija an d'Imen Salmi ginn am Mäerz 2024 nees expulséiert. Huet de Rechtsstaat an hirem Fall zweemol versot? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden.  Recherche: Pia Oppel  Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu 

  33. 4

    S01E03: Den Enquêteur

    2013 muss den André Kemmer wéinst senger Verwécklung an ee Geheimdéngschtskandal ënner Eed an der Chamber aussoen. Seng Zesummenaarbecht mam Geheimdéngscht huet mat der Enquête géint den Taoufik Salmi ugefaangen. Mir erzielen, wéi déi Enquête gefouert gouf. "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  34. 3

    S01E02: De Papp

    Am November 2002 gouf eng Justiz-Enquête géint den Taoufik Salmi lancéiert. War den Terrorverdacht géint hie justifiéiert? A wat fir Konsequenzen hat dëse Verdacht fir hien? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  35. 2

    S01E01: D'Schwësteren

    Am November 2023 kommen d'Khadija an d'Imen Salmi zeréck op Lëtzebuerg. Firwat goufe si 20 Joer virdrun als kleng Kanner an Tunesien expulséiert? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

  36. 1

    Kollateralschued: Trailer

    Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn? Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.

HOSTED BY

radio 100,7

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Zeenewiessel have?

Zeenewiessel currently has 36 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Zeenewiessel about?

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.

How often does Zeenewiessel release new episodes?

Zeenewiessel has 36 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Zeenewiessel?

You can listen to Zeenewiessel on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Zeenewiessel?

Zeenewiessel is created and hosted by radio 100,7.
URL copied to clipboard!