EPISODE · Apr 21, 2025
S02E02: D'Banken
from Zeenewiessel · host radio 100,7
Vum 27. Mäerz 2024 u geet d'Caritas-Finanzdirektesch Sue bei d'Banke léinen. Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro hëlt d'Fondatioun Caritas an de Wochen duerno op. All dës Sue gi geklaut. An d'Organisatioun bleift op engem Bierg Scholde sëtzen. Wéi konnt dat geschéien? "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Embed this episode
Ready to play
S02E02: D'Banken
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.