EPISODE · Apr 21, 2025
S02E03: D'Direktioun
from Zeenewiessel · host radio 100,7
Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal 6 Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Déi véier Direktiounsmemberen diskutéieren déi Woch e puermol iwwer déi schwiereg Finanzlag vun der Caritas. Trotzdeem dauert et néng Deeg bis d'Fraude opflitt. Wéi ass dat méiglech? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Embed this episode
Ready to play
S02E03: D'Direktioun
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.