EPISODE · Apr 28, 2025
S02E04: De Verwaltungsrot
from Zeenewiessel · host radio 100,7
De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Embed this episode
Ready to play
S02E04: De Verwaltungsrot
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.