EPISODE · May 19, 2025
S02E07: International Konsequenzen
from Zeenewiessel · host radio 100,7
Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am Südsudan verléieren hiren Job. Firwat gouf anescht wéi bei den nationalen Aktivitéite vun der Caritas keng Léisung fonnt? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Embed this episode
Ready to play
S02E07: International Konsequenzen
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.