EPISODE · Oct 6, 2025
S03E02: Fräie Fall
from Zeenewiessel · host radio 100,7
Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen, dee si dobäi ënnerstëtzt. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.
Embed this episode
Ready to play
S03E02: Fräie Fall
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.