Schimmel an der Wunneng (B1) episode artwork

EPISODE · Jun 18, 2026 · 5 MIN

Schimmel an der Wunneng (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Schimmel an der Wunneng A: O Nee! B: Wat ass lass? A: Komm mol an d’Schlofzëmmer! A: Wat ass dat do uewen um Plaffong? B: Wou? A: Do am Eck! Gesäis de? Ass dat Schimmel? B: Mengs de? Vun hei gesäit et aus wéi e puer Spawecken... A: Quatsch! Hues de Tomaten op den Aen? Du muss méi no drun! B: Ok, ech klamme mol op e Stull. A: An? Wat gesäis de? B: Du hues Recht! Et ass Schimmel un der Mauer! Ass es och an deenen aneren Ecker? A: Moment... An dësem Eck net, mee do beim Kleederschaf awer! Mengs de, et ass es och hannert dem Schaf? B: Et ka sinn...mee de Schaf ass ze schwéier fir en elo ze réckelen. Mir mussen e fir d’éischt ausraumen an da kënne mer e réischt vun der Mauer ewechréckelen. Dat maache mer awer net méi haut. Et ass schonn ze spéit. Ech géing gär geschwë schlofe goen. A: Ech maache mer Suergen... Schimmel ass ganz schlecht fir d’Gesondheet! Vläicht schlofe mir scho säit Méint an engem Zëmmer voller Schimmel! Wéi fuerchtbar! Mir kréie bestëmmt Problemer mat der Ootmung! B: Denk elo net direkt esou negativ! Mir stëbsen d’Ecker vum Plaffong reegelméisseg an et ass eis ni eppes opgefall. Dat ass bestëmmt nach net laang esou. A vläicht ass guer näischt hannert dem Schaf! Jo, et gëtt Schimmel, deen an der Mauer sëtzt, wa se ze fiicht ass, mee dat hei ass just e bëssen. Mir hunn am Wanter eventuell net oft genuch gelëft... A: Jo, mee am Wanter ass et kal! Ech wëll do net ëmmer d’Fënster ophunn. B: Sou soll et jo och net sinn, mee et soll ee reegelméisseg d’Fënster wärend e puer Minutten grouss opmaachen a lëften. A: Am Dag si mir jo awer net heiheem... B: Wichteg ass, datt een dat nom Opstoe mécht. An der Nuecht sammelt sech vill Fiichtegkeet an der Loft. A: Dat maache mer jo awer! An owes virum schlofe goe lëfte mer och ëmmer. B: Vläicht geet et net duer. Oder d’Wunneng huet e Problem mat Fiichtegkeet. A: Vläicht ass iergendwou e Rouer geplatzt? B: Hm... Muer raume mer emol de Kleederschaf aus a kucken, ob och Schimmel hannert der Mauer ass. Wann net, dann ass dat scho mol eng gutt Noriicht. Ech mengen, da geet et duer, wa mer e selwer vun der Mauer ewechmaachen. A: Mat wat mécht een dat da fort? B: Zum Beispill mat staarkem Alkohol, Esseg oder engem spezielle Produit. Dat sprayt ee fir d’éischt op de Schimmel, da léisst een et awierken an duerno reift een alles mat enger Biischt oder enger Fatz fort. A: An dat geet duer? B: Fir den Ufank, jo! Mir mussen d’Plazen awer am A behalen a kucken, wéi sech dat weiderentwéckelt. Mee: muer kucke mer mol hannert de Schaf! Vläicht ass et méi schlëmm... Wann d’Mauer fiicht ass, da musse mer onbedéngt de Proprietaire kontaktéieren, soss kënnt de Schimmel ëmmer nees erëm. Da mussen Experten eis hëllefen. A: Ech maache scho mol Fotoen als Beweis. B: Gutt Iddi! D’Fotoen hunn en Datum an dat kann an Zukunft och hëllefen. Maach och e klenge Video! A: Ass gemaach. Fënns de, datt et komesch heibanne richt? B: Ech richen näischt! A: Dach! Et richt immens muffeg! Dat passt dach bei Schimmel! Wat e Misär! Hu mer net scho genuch aner Suergen...?! B: Ech mengen, du bilts der dat elo an! Ech riche wierklech näischt! A: Ech bilde mer dat net an! Ech riskéiere meng Gesondheet elo net méi! Ech informéieren de Proprietaire elo direkt! Soss kann ech hënt net schlofen! Ech schécken him direkt d’Fotoen an de Video. B: Waart wannechgelift of, bis mer de Schaf geréckelt hunn! Da kënne mer him all d’Fotoe matenee schécken! A: Ok ok... mee mir schlofen dës Nuecht net an dësem Zëmmer! B: Averstan! Komm, mir rappen d’Fënstere mol all op a lëften déi ganz Wunneng fir e puer Minutten! A muer gesi mer weider! Vläicht ass et net esou schlëmm! B: Merci, dass du esou roueg bleifs! Ech si wierklech grad um Enn mat mengen Nerven. A: Dat ass verständlech! Mir fannen eng Léisung! 

NOW PLAYING

Schimmel an der Wunneng (B1)

0:00 5:25

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 18, 2026.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Schimmel doheem schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Schimmel an der Wunneng A: O Nee! B: Wat ass lass? A: Komm mol an d’Schlofzëmmer! A: Wat ass dat do uewen um...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!