Schlof an den Handy (B1) episode artwork

EPISODE · Jun 16, 2026 · 5 MIN

Schlof an den Handy (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof? B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen. A: O nee. Has de e stressegen Dag? B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett. B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit… A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken? B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen.  A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op! B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘. A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach. B: Du sees et… A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass. B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass. A: Jo, an dofir fält et engem méi schwéier, anzeschlofen. B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif. A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn. B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken. A: Zum Beispill negativ Noriichten? B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no. A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mäi Kapp och nach aktiv. B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy.  A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net? B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend. A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-fräien Owend. B: Wat ass dat da genee? A: Ab néng Auer leet hatt säin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch. B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag. A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinnt… B: Virun allem, well et do alles gëtt: d’Noriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat Frënn… A: An de Wecker! B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. Mäin Handy läit direkt nieft dem Bett. A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop. B: Ech och! An da gesinn ech d’Auerzäit an denken: ,,O nee, ech muss a fënnef Stonnen opstoen!‘‘ A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen. B: Genee! A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen? B: Nee, mee vläicht soll ech dat emol testen. A: Mäi Brudder mécht dat zanter e puer Méint.  B: An, déngt et eppes? A : Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie méi séier aschléift a moies méi roueg ass. B: Interessant. Moies kucken ech nämlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwächen. A: Ech och. Et ass dat éischt, wat ech maachen… B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag! A: Definitiv net. Fréier hunn d’Leit warscheinlech fir d’éischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobäi d’Zeitung gelies. B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran. A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt. B: Jo. Mee bon, anerersäits huet den Handy awer och vill Virdeeler. A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek. B: A Meditatiounen. A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. Vläicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn. B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken. A: Oder den Handy op d’mannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeën. B: Dat kléngt realistesch. A: Mol kucken, ob mir dat packen. B: Bestëmmt! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jun 16, 2026

Embed this episode

Ready to play

Schlof an den Handy (B1)

0:00 5:47

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on June 16, 2026.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!