Sech kenneléieren (B1)

EPISODE · Sep 18, 2024 · 5 MIN

Sech kenneléieren (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! --- Transkript: Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen?Daniela: Jo, natierlech. Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.? Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer? Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer. Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes! Wat hues du dann den Owend geplangt? Sally: Den Owend ginn ech gemittlech eppes mat mengem Mann iessen. De Weekend hu mir e puer Frënn bei eis invitéiert. Ech hoffen et reent net. Da kéint ee vläicht nach eng Kéier grillen. Moderator:  Soss, méchs du einfach déi éischt Raclette vun der Saison. Da schmaacht se nach extra gutt. Sally: Effektiv. Dat ass wierklech eng Iddi! Daniela, wat hues du dann de Weekend geplangt? Daniela: Ech hoffen och net, dass et ze vill reent. Da kann ech mat de Kanner op d'Spillplaz goen. Sally: A sou? Du hues Kanner. Wéi heeschen si dann a wéi al si si? Daniela: Mäi Meedchen heescht Valentina an hatt ass 3 Joer al, a mäi Jong heescht Adrian, hien huet 6 Joer. Du has virdru gesot, dass du mat dengem Mann iesse gees. Wéi laang sidd dir da scho bestuet? Sally: Mir hunn eis de 6. Juni 2016 bestuet, zënter 8 Joer also. Daniela: Hutt dir iech zu Lëtzebuerg bestuet? Sally: Nee, dunn hu mir nach net hei gewunnt. Mir sinn eréischt 2019 op Lëtzebuerg geplënnert. Daniela: A wéini hues du ugefaange Lëtzebuergesch ze léieren? Sally: Am Februar 2020 hunn ech mäin éischte Cours am INLL gemaach. Dat war net esou einfach, well am Mäerz 2020 all d'Coursen online waren, wéinst Covid. Dat war am Ufank alles net esou einfach. Daniela: Dann hat ech jo méi Chance. Ech léieren elo zënter zwee an engem hallwe Joer Lëtzebuergesch. Et ass awer och net esou einfach fir meng Famill, d'Aarbecht an d'Coursen ënnert een Hutt ze kréien. An da maachen ech och nach heiansdo gär Sport. Sally: Wat méchs du da fir ee Sport? Daniela: Ech gi gär an de Bësch lafen. Am Summer ginn ech och gär schwammen... Am Wanter maachen ech dat net esou gär. Dann as et mir ze kal. An dann hunn ech keng Loscht fir och nach an dat kaalt Waasser ze sprangen. Sally: Dat verstinn ech. Fiers du net gär Vëlo? Daniela: Dach, elo wou mäi Jong schonn e bësse méi al ass, kënne mir scho kleng Tier zesumme maachen. Dat mécht wierklech Spaass. An du Sally? Wat méchs du gär an denger Fräizäit. Sally: Ech sinn elo net méi esou sportlech. Ech hu léiwer méi e gemittleche Programm. Ech gi gär an de Kino, ech probéiere gär nei Restauranten aus, ech interesséiere mech och fir Konscht a gi reegelméisseg nei Expoe kucken. Heiansdo ginn ech och emol op e Concert. Dat maachen ech awer net esou oft. Als Kand hunn ech méi Sport gemaach. Ech hunn ëmmer gär Basket an Handball gespillt. Wéi ech 19 Joer hat, hunn ech mech awer relativ schlëmm um Knéi blesséiert an zënterdeemsinn ech gezwonge méi lues ze maachen. Daniela: Dat deet mir leed ze héieren! Wat bass du da vu Beruff? Sally: Ech sinn Affekotin a schaffen an enger Etude hei an der Stad. Daniela: Dann hues du bestëmmt genuch Stress. Sally: Jo, dat stëmmt. Et ass ni langweileg a mir hu wierklech vill Aarbecht. Ech freeë mech schonn op d'Pensioun! Daniela: Op d'Pensioun? Du hues dach nach keng 40 Joer a schwätz scho vun der Pensioun. Hues du da scho Pläng, wann s de fäerdeg bass mat schaffen? Sally: Jo. Mäi Mann an ech wëllen eis e klengt Haus an Italie kafen, mat engem schéine grousse Gaart. Do kënne mir eis et da gutt huelen a vum Liewe profitéieren an dat ouni Stress. Moderator:  Dat kléngt no engem ganz flotte Plang! Et deet mir leed dir  Dammen, dass ech iech hei ënnerbrieche muss. Mee ech gesinn, dass eis Emissioun gläich fäerdeg ass. Ech wënschen iech allenzwee nach ganz vill Gléck fir är Zukunft! Sally, dir proposéieren ech fir eventuell Lotto ze spillen. Vläicht gewënns du jo, an da kanns du scho ganz geschwënn en Haischen an Italie kafen. Sally: Jo, dat kéint ech emol probéieren.

NOW PLAYING

Sech kenneléieren (B1)

0:00 5:37

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!