Sech virstellen (A1) episode artwork

EPISODE · Feb 29, 2024 · 2 MIN

Sech virstellen (A1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Monolog Moien!  Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen Englesch. Zënter dräi Méint léieren ech dräi Mol d’Woch, vun 10.10 bis 11.50, am INLL Lëtzebuergesch. Ech si bestuet an hunn zwee Kanner, zwee Meedercher. Mäi Mann ass och Tuneesier. Hien ass Kach an engem Restaurant um Knuedler an der Stad.  Ech sinn Informatikerin vu Beruff, mee de Moment sinn ech am Congé de maternité.  Ech sinn de 24. Abrëll 1987 gebuer. Meng Adress ass 15, Millewee, 7661 Miedernach.   Meng Handysnummer ass 671 07 02 95.   Meng Hobbye si spadséiere goen, schwamme goen, Piano spillen, liesen a baken.  Dialog Tom: Moien! Ech sinn den Tom. Wéi heeschs du? Lisa: Salut Tom! Ech sinn d’Lisa. Et freet mech, dech kennenzeléieren! Tom: Et freet mech och! Studéiers du och hei? Lisa: Jo, ech studéiere Psychologie. An du? Tom: Ech studéieren Informatik. Vu wou kënns du, Lisa? Lisa: Ech kommen aus der Belsch, vun Arel. An du, vu wou kënns du? Tom: Ech kommen aus England, vu Manchester.  Lisa: Dat ass awer wäit! Tom: Dat stëmmt. Mee et ass flott, nei Leit kennenzeléieren. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg? Lisa: Ech wunnen net zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Arel. Ech kommen all Dag mam Zuch op d’Uni. An du? Tom: A sou! Ech wunnen eréischt zënter dräi Méint hei zu Lëtzebuerg. Et ass nach alles ganz nei fir mech. Lisa: Ech gleewen! Wann s de wëlls, kann ech dir e puer flott Plazen hei an der Géigend weisen. Tom: Dat wier flott, Lisa! Komm, mir maachen dat! Lisa: Super! Wéini hues du Zäit? Tom: Wéi wier et e Samschdeg um 14 Auer? Lisa: Perfekt! Treffe mer eis hei bei der Uni? Tom: Jo, dat kléngt gutt. Ech freeë mech! Persoun B: Ech mech och! Bis e Samschdeg, Tom! Persoun A: Bis e Samschdeg, Lisa! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Feb 29, 2024

Embed this episode

Ready to play

Sech virstellen (A1)

0:00 2:57

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on February 29, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!