Seng Liewensgeschicht erzielen (B1) episode artwork

EPISODE · Aug 7, 2024 · 4 MIN

Seng Liewensgeschicht erzielen (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Selma am Studio. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht (Niveau B1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator: Moie Selma a wëllkomm an der Poterkëscht. Mir soen dir Merci, dass du bereet waars mat eis deng Liewensgeschicht ze deelen. Erziel eis emol fir d’éischt, wéi s du iwwerhaapt op Lëtzebuerg komm bass. Selma: Ech soen Iech Merci, dass dir mech invitéiert hutt. Ech si viru 27 Joer op Lëtzebuerg komm. Meng Eltere sinn an den Nonzeger Jore virum Krich an Ex-Jugoslawie geflücht. Si sinn als éischt, mat Hëllef vun der Croix-Rouge, an eng kleng Stad an der Belsch geflücht a réischt e puer Joer méi spéit si mir op Lëtzebuerg komm. M: A sou. Bass du dann an der Belsch gebuer ? S: Nee, ech sinn a Bosnien, wärend dem Krich, gebuer. Ech war nëmmen dräi Méint al, wéi mir an d’Belsch komm sinn.  M: Du waars jo nach e Puppelchen! Kanns du dech dann un deng Zäit an der Belsch erënneren? S: Ech ka mech net wierklech u vill Saachen erënneren, well ech scho mat véier Joer op Lëtzebuerg komm sinn. Ech ka mech awer nach e bëssen un d’Crèche an un eis Wunneng an där mir gelieft hunn erënneren.  M: Konnten deng Elteren da scho Franséisch, wéi dir an d’Belsch komm sidd? S: Mäi Papp konnt schonn e bësse Franséisch, well hien dat an der Schoul geléiert hat, mee meng Mamm huet misse vun null ufänken. Et gouf Volontairen, déi Sproochecoursen ugebueden hunn an esou hu meng Elteren d’Sprooch geléiert. Am Dag hu se geschafft an owes hate se hir Coursen. M: Dat heescht, deng Eltere konnten direkt schaffen? S: Jo, mäi Papp konnt direkt als Architekt schaffen a meng Mamm huet als Serveuse an engem Café geschafft. M: Dann hate se jo Chance, fir direkt kënnen ze schaffen an d’Sprooch am Alldag ze benotzen. S: Jo, genau, dat huet hinnen immens vill gehollef, fir séier Franséisch ze léieren. M: Du sos, du waars véier Joer al, wéi s du op Lëtzebuerg komm bass. Bass du dann direkt an d’Spillschoul gaangen a wéi war dat fir dech mat der lëtzebuergescher Sprooch? S: Jo, ech sinn direkt an d’Spillschoul gaangen. Ech konnt jo scho Franséisch, dofir war et net schwéier mat der Joffer ze kommunizéieren a Lëtzebuergesch hunn ech och immens séier geléiert, well déi aner Kanner mat mir Lëtzebuergesch geschwat hunn. Wann ee Kand ass, da léiert een eng Sprooch immens séier, ouni et wierklech ze mierken. Mir hunn deemools op engem Camping am Weste vum Land gelieft an do waren immens vill Hollänner a meng Schwëster an ech hunn och op eemol Hollännesch geschwat. M: Dat ass jo interessant. Kanns du dann nach ëmmer Hollännesch? S: Nee, leider hunn ech alles vergiess.  M: Schued. Wéi laang hutt dir dann op deem Camping gelieft a wéi war dat fir deng Elteren? S: Mir hunn ongeféier sechs Joer do gelieft. Et war net einfach fir meng Elteren, well dat net dat Liewe war, dat si sech fir hir Kanner a sech selwer virgestallt hunn. Meng Mamm krut ganz laang kee Permis de travail an huet um Camping als Botzfra geschafft. Eréischt no véier Joer konnt si hire Beruff ausüben. Wéi si genuch Suen op der Säit haten, hu si sech eng Wunneng am Süde vum Land kaf a mir si geplënnert. M: War et dann och schwéier fir dech an deng Schwëster? S: Fir eis war et natierlech net esou schwéier, well mir dat deemools net esou richteg verstanen hunn. Mir hunn immens séier d’Sprooch geléiert an hate vill Frënn, wat eis gehollef huet eis z’integréieren. Ech fille mech haut och iergendwéi méi, wéi eng Lëtzebuergerin, well ech hei grouss gi sinn a mir mäi Liewen hei opgebaut hunn. Natierlech vergiessen ech net vu wou ech kommen an ech pfleege meng Relatioune mat mengem Heemechtsland och, andeems ech eemol d’Joer a Bosnie ginn an nach vill Kontakt mat menger Famill hunn. M: Dat ass schéin ze héieren. Ech soen dir op dëser Plaz villmools Merci fir d’Matdeelen a wënschen dir nach vill Erfolleg hei zu Lëtzebuerg. S: Merci!

NOW PLAYING

Seng Liewensgeschicht erzielen (B1)

0:00 4:04

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on August 7, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Selma am Studio. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht (Niveau B1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator: Moie Selma a wëllkomm an der Poterkëscht. Mir soen dir Merci, dass...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!