Sylvester zu London (A2)

EPISODE · Dec 31, 2025 · 3 MIN

Sylvester zu London (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persoune Sylvester zu London feieren. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Silvester zu London A: An? Hues de gutt geschlof? B: Jo, eigentlech schonn. Ech war gëschter Owend esou midd vun der Rees. Mee elo sinn ech voll do an ech kann et bal net gleewen, datt mir hei zu London sinn! A: Ech och net! Ech si ganz opgereegt fir haut. Mir mussen eisen Dag awer e bësse plangen. Wat wëlls du fir d’éischt maachen? B: Hmm, et wier flott, enzwousch gemittlech Kaffi drénken ze goen. Wat mengs du? Hei an der Géigend ginn et bestëmmt e puer flott Caféen wou een e gudde Kaffi an eng Mëtsch iesse kann. A: Jo, bestëmmt, mir si jo bal ganz am Zentrum. Duerno kënne mir bei d’Tower Bridge oder d’London Eye trëppelen. Ech géif gär e puer Fotoe maachen, éier et ze schwaarz vu Leit ass B: Gutt Iddi. Ech hu gekuckt, d’Sonn soll haut esouguer e bësse schéngen. Bal e Wonner, hei zu London! A: Haha, wierklech. An duerno… vläicht kënne mir laanscht d’Themse spadséiere goen. Ech hu gelies, datt do och e puer flott Pubs a Restaurante sinn. Vläicht kënne mir do eppes drénke goen oder zu Mëtteg iessen.  B: Kléngt gutt. Mir sollten och esou lues iwwerleeën, wuer mir den Owend stoe wëlle, wa mir d’Freedefeier vun der Themse aus gesi wëllen. Et ass jo riesg, an ech hunn héieren, datt d’Leit scho fréi kommen. A: Du hues recht. Vläicht kënne mir am Nomëtteg kucke goen, wou et am beschte ass.  B: Mir kënnen och Tickete kafen. Ech hunn iergendwou gelies, datt verschidde Beräicher ofgespaart sinn, an datt een do Tickete brauch. A: Ech mengen, et ass besser mir informéieren eis e bëssen am Internet oder mir froen an der Rezeptioun vum Hotel no. Mee komm, mir maachen eis geschwë prett a gi fort. Et ass schon néng Auer a gëschter hu mir just de Wee vum Flughafe bis bei den Hotel gesinn. B : Haha, jo. Mee, ech si wierklech frou, datt mir net doheem bliwwe sinn. Dat gëtt e flotten Dag. A: Op alle Fall. Also, nach eng Kéier: fir d’éischt gi mir Kaffi drénken, da bei d’London Eye, an duerno laanscht d’Themse trëppelen? B: Dat kéngt gutt. Vläicht ass jo och nach e bëssen Zäit, fir am Nomëtteg an e puer Butteker op der Oxford Street ze goen. A: Dat wier flott! Mee ech wëll och net de ganzen Dag ënnerwee sinn, an dann den Owend futti sinn. B: Mir kënne jo eng kleng Sieste maachen, wa mir erëm am Hotel sinn. Mir musse jo net fréi eraus den Owend. A: Dat stëmmt. Mir kënnen och den Owend méi spéit eppes iesse goen. Weess du, ob et hei typesch Tradioune fir Silvester gëtt? B: Gutt Fro… ech weess just, datt vill Leit an e Pub ginn an do zesumme prosten. Vläicht kënne mir och dat am Internet nokucken oder ee froen. A: Kléngt gutt. Da komm mir maachen eis elo endlech fäerdeg.  

NOW PLAYING

Sylvester zu London (A2)

0:00 3:47

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!