Tiny House a Kleederschaf ausraumen (A2) episode artwork

EPISODE · Oct 7, 2024 · 5 MIN

Tiny House a Kleederschaf ausraumen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen. --- Transkript Tiny House A: Hallo Lara! Deng Mamm seet, dass du geschwënn an en Tiny House plënners! Wéi flott!  B: Jo, ech wëll elo net méi bei menger Mamm wunnen an de Moment fannen ech zu Lëtzebuerg keng aner Wunneng.  A: Jo...a wéini plënners de? B: Ech plënneren d’nächst Woch, mee d’Miwwele si schonn all do.  A: Cool! Wéi gesäit et dann aus?  B: Majo, et ass natierlech kleng, also 20 Meterkaree. Wann een erakënnt, da steet een direkt an der Stuff. Ech hunn e klenge Kannapee, e klengt Regal an eng Tëlee. Et gëtt och en Dësch mat zwee Still. Riets ass d’Kichen. Se ass wierklech kleng, mee et gëtt eng Kachmaschinn mat engem Schäffchen, e Frigo, e Spullsteen an eng kleng Mikrowell. Am Fong ass dat alles, wat ech brauch. Bei der Kichen ass eng Dier an déi féiert op eng kleng Terrass. Do stinn och en Dësch an zwee Still. Uewe si mäi Schlofzëmmer an d’Buedzëmmer. Fir eropzekommen, klammen ech eng Leeder erop. Ech hunn e Bett vun 1m40, en Nuetsdësch, eng Komoud an e Kleederschaf. Am Buedzëmmer gëtt et eng Dusch, eng Toilette an e Lavabo mat engem Spigelschaf driwwer.  A: Wow, du hues jo wierklech alles, wat ee brauch! Ass et da wierklech net ze kleng?  B: De Moment nach net. Ech muss awer soen, datt ech och just néideg Saache mathuelen a minimalistesch liewe wëll. All meng aner Saache stinn elo bei menger Mamm um Späicher.  A: Dat ass gutt! Wéi flott, ech freeë mech fir dech! Vill Courage da beim Plënneren.  B: Merci! Dat wäert goen, et ass jo net esou vill! De Kleederschaf ausraumen A: Hallo! Villmools Merci, dass du mir hëllefs, meng Kleeder auszeraumen! B: Ganz gär geschitt! Ech hëllefe gär! A: Wann dir eppes gefält, da schenken ech dir et! B: Merci! Wéi praktesch! A: Solle mir beim Kleederschaf ufänken? Hei sinn esou vill Saachen, déi ech net méi undinn. Wéi decidéiers du, wat s de häls a wat s de ewechgëss? B: Saachen, déi ech méi wéi zwee Joer net unhat, ginn ech ewech! A: Ok...dëse Rack ass immens schéin, mee ech hat e bestëmmt schonn dräi Joer net méi un. Fort dermat! B: Bass de sécher? Mir kënnen och dräi Kéip maachen: ee Koup mat Kleeder, déi s de sécher hale wëlls, ee Koup mat Kleeder, déi s de sécher wechgëss an ee Koup mat Kleeder, déi s de vläicht häls oder vläicht wechgëss. Da kanns de zum Schluss nach eng Kéier kucken... A: Ok, da leeën ech en op de Koup VLÄICHT. B: Wéi ass et mat dësem Kleed? A: Nee, dat hat ech virun e puer Wochen un. Dat halen ech sécher. O jee, mee firwat hunn ech dëse Rack dann nach? Dee passt mir bestëmmt säit 5 Joer net méi! Merci Rack, mir haten eng schéin Zäit zesummen, mee elo kanns de eng aner Persoun glécklech maachen! B: O wéi léif, dass de dat sees! Mir passt e leider och net, soss hätt ech e matgeholl. A: O mei, ech hunn esou vill T-Shirten! A ganz vill T-Shirten hu Lächer a si futti! B: Déi, déi s de nach flécke kanns, kanns de nach halen. Déi aner dees de dann entweeder an denger Fräizäit un oder du méchs Fatze fir ze botzen draus. A: Ok. Dee ka fort, dee ka fort, deen halen ech, deen halen ech och, dee ka fort...kleng Paus] Wow, lo ass scho vill méi Plaz am Schaf! Mee elo zu menger “Haass-Kategorie”: d’Boxen. B: Leider muss du se umoossen, fir ze kucken, wéi eng Boxen nach passen. A: Jo, a genee dat haassen ech... B: Maja, déi meescht passe jo nach. Wa se der gefalen, da kanns de se jo halen. A: Mee ech brauch Plaz am Schaf an ech brauch och keng 5 Boxe vun all Faarf. Déi dräi Boxen halen ech, mee déi zwou komme fort! An déi do ass guer net méi an der Moud. Déi ginn ech ewech! B: Waart, déi gefält mir! Ech moosse se mol un. Wa se mer passt, dann huelen ech se mat heem. A: Gutt! Hues de och nach Zäit, fir meng Schong auszeraumen? B: Majo natierlech!

NOW PLAYING

Tiny House a Kleederschaf ausraumen (A2)

0:00 5:30

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on October 7, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen. --- Transkript Tiny House A: Hallo Lara!...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!