Ukommen zu Lëtzebuerg (B1) episode artwork

EPISODE · Oct 1, 2024 · 3 MIN

Ukommen zu Lëtzebuerg (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mam Manon a mam Elif, déi eis e bëssen iwwer hir éischt Zäit zu Lëtzebuerg erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwou Persoune bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwert hiert Liewen hei zu Lëtzebuerg erzielen. Manon, firwat bass du op Lëtzebuerg komm?  Manon: Moien! Ech kommen aus der Belsch, vu Bréissel, an ech war op der Sich no enger neier Aarbecht. Ech schaffen an de Finanzen an hei zu Lëtzebuerg ginn et vill interessant Firmen. Ech hu mech op e puer Plaze gemellt an hu viru véier Joer dunn eng Aarbecht hei als Actuaire fonnt.  Moderator: An du, Elif?  Elif: Ech kommen aus der Tierkei a si virun dräi Joer op Lëtzebuerg komm, fir hei op der Uni mäin Doktorat ze maachen.  Moderator: Wéini waart dir déi alleréischt Kéier zu Lëtzebuerg?  Manon: Ech war als Kand e puer Mol zu Lëtzebuerg. Mir hu Famill an der Géigend vun Arel a sinn heiansdo mat hinnen op Lëtzebuerg komm, zum Beispill fir de Chrëschtmaart oder fir op d‘Fouer ze goen.  Elif: Ech war just ee Mol zu Lëtzebuerg, wéi ech mir d’Uni ugekuckt hunn an e puer Professore getraff hunn. Dat war e puer Méint, éier ech heihi geplënnert sinn.  Moderator: Wat fir eng Sprooch hutt dir als éischt geléiert a firwat?  Manon: Ech hat Chance, well ech fléissend Franséisch schwätzen. Dat huet mir vill gehollef. Mee no zwee Joer hunn ech ugefaangen, Lëtzebuergesch ze léieren, well mäi Mann Lëtzebuerger ass.  Elif: Ech hunn direkt ugefaangen, Lëtzebuergesch ze léieren. Dat war wichteg fir mech, well ech mech gär richteg integréiere wëll an esou eventuell och an e puer Joer déi Lëtzebuergesch Nationalitéit kréie kann.  Moderator: Wat oder wien hutt dir am Ufank vill vermësst?  Manon: Meng Famill. Ech hu ganz laang zu Bréissel mat menger Schwëster an engem Appartement gewunnt. Et war komesch, op eemol ganz eleng ze sinn. Mee ech hu séier nei Leit kenne geléiert!  Elif: Mir huet dat gutt tierkescht Iesse gefeelt, an natierlech d’Sonn!  Moderator: Gëtt et eppes, wat iech direkt immens gutt zu Lëtzebuerg gefall huet?  Manon: Jo, d’Méisproochegkeet! Dat huet mech e bëssen u meng Heemecht erënnert.  Elif: Dat huet mir och gutt gefall. Ech konnt am Ufank just op Englesch mat de Leit kommunizéieren, mee ech war iwwerrascht, wéi gutt d’Leit zu Lëtzebuerg Englesch schwätzen. An natierlech de gratis ëffentlechen Transport! Dat ass wierklech super.  Moderator:  A wat huet iech net esou gutt gefall?  Manon: Hmm… schwéier ze soen. Mir huet eigentlech alles gutt gefall!  Elif: Fir mech war et schwéier, mech un d’Wieder z’adaptéieren. Hei reent et vill méi wéi a menger Heemecht an am Wanter ass den Himmel oft gro. Et huet e puer Joer gedauert, bis ech mech doru gewinnt hat.  Moderator: An dann nach eng lescht Fro vun eisen Nolauschterer: Wat fir e Wuert hutt dir als éischt geléiert?  Manon: ,,Tipptopp’’! Mäi Mann huet dat ëmmer gesot an ech hunn dat witzeg fonnt.  Elif: ,,Moien’’, natierlech!   Moderator: Flott! Et freet eis, datt dir haut bei eis am Studio waart. Mir soe Merci a bis déi nächst Kéier an der Poterkëscht. 

NOW PLAYING

Ukommen zu Lëtzebuerg (B1)

0:00 3:30

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on October 1, 2024.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mam Manon a mam Elif, déi eis e bëssen iwwer hir éischt Zäit zu Lëtzebuerg erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwou...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!