Um Flughafen 1: An d'Vakanz fléien (A2) episode artwork

EPISODE · Jul 30, 2025 · 5 MIN

Um Flughafen 1: An d'Vakanz fléien (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwee Frënn sech um Flughafen treffen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun säi Gepäck ancheckt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Um FlughafenJoão: Hallo! Wat méchs du dann hei? Gees du och an d’Vakanz oder ass et eng Geschäftsrees? Sofia: O Mamm, nee, ech fléien endlech Vakanz! An du? João: Jo, mir och. Ech fléien déi éischt Kéier mat mengen zwee Kanner. Si si scho ganz opgereegt. Sofia: A, flott! Wou geet et dann hin?  João: Mir ginn a Portugal, bei meng Famill. Meng Eltere wunnen nach do, an et ass ëmmer schéin, si erëmzegesinn. An du? Sofia: Ech ginn eleng an Thailand. Ech hu schonn ëmmer dovu gedreemt, e bësse méi wäit ze reesen. Et ass meng éischt Kéier an Asien. João: Wow, Thailand! Dat ass wäit. Wéi laang bleifs de? Sofia: Ech bleiwen zwou Wochen. Ech wëll Bangkok besichtegen, an da fueren ech op eng Insel, fir um Strand ze leien an e bësse Yoga ze maachen. João: Dat kléngt mega entspanend. Ech hu gemengt, Thailand ass och gutt fir leckert Iessen? Sofia: Jo genau! Si si bekannt fir Pad Thai, frësche Fësch, an natierlech tropescht Uebst. João: An ech freeë mech op déi portugisesch Spezialitéiten – Bacalhau, Pastéis de Nata, a menger Mamm hir Zopp. A meng Kanner freeë sech natierlech op d’Glace. Sofia: Haha! Dat kléngt no Famill an Traditioun. Wat maacht dir alles a Portugal? João: Mir ginn haaptsächlech op d’Plage an déi zweet Woch passe meng Elteren dräi Deeg op d’Kanner op a meng Fra an ech ginn an d’Bierger wanderen. Sofia: Schéin! Ech wäert mech gréisstendeels entspanen. Ech brauch Rou, Sonn an e bësse Kultur. João: Bass du net nervös, eleng esou wäit ze reesen? Sofia: E bësse schonn, mee ech hu meng Rees gutt geplangt. Ech hu schonn en Hotel an e puer Toure gebucht. Ech maachen e Bootsausfluch, ginn en Tempel besichtegen a maachen e Massagecours. João: Cool! A mat wéi enger Airline flitts de? Mat Thai Airways? Sofia: Jo, ech fléien elo op Frankfurt a vun do aus direkt op Bangkok. An du? João: Mir fléie mat TAP Portugal.  Sofia: Flott! Mengem Cousin gefält Portugal och immens gutt. Hie war viru kuerzem zu Porto. João: O, Porto ass schéin. Mee mir si méi südlech – bei Faro. D’Algarve huet déi schéinste Plagen Sofia: Dat gleewen ech. Vläicht fueren ech och mol dohinner. Ech wëll nach vill Plazen op menger Lëscht ofhaken. João: Maach dat! Sou, mir mussen elo leider scho bei den Check-in goen, well mir mussen eis Wallissen nach anchecken. Sofia: Ech muss och sou lues a Richtung Kontroll goen. Mäi Fluch geet a 50 Minutten. João: Ma dann eng schéi Rees. Sofia: Merci! Dir an denger Famill och! Beim Check-InC: Deen nächsten, wgl! J: Moien! Et ass fir op Faro. Mir hu schonn online agecheckt a musse just nach eis Wallissen anchecken. C: An der Rei, gitt mir wgl. vu jidderengem d’Carte d’identité. B: Hei si se. C: Merci. Dir kënnt déi éischt Walliss op d’Gepäckband leeën.. Voilà, an elo déi nächst … Hutt dir soss nach eppes fir anzechecken? B: Jo, eis Poussette. Kënne mir déi bis de Boarding halen? C: Jo, dat geet. Dir gitt se eréischt of, ier dir an de Fliger klammt. Wann dir zu Faro aus dem Fliger klammt, kritt dir se erëm zréck. B: An der Rei, Merci. Sëtze mir all beieneen? C: Jo, dir sëtzt mat ären zwee Kanner an enger Rei, an Är Fra sëtzt an der Rei niewendrun bei der Fënster. B: Hmm, ass et méiglech, datt si eng Plaz um Gank kritt? Dat ass méi praktesch mat de Kanner. C: D’Mëttelplaz an d’Gankplaz si leider schon am System blockéiert. Mee frot am Fliger no, vläicht kënnt dir jo tauschen. B: Merci, dat maache mir dann. C: Gär geschitt. Hei sinn Är Billjeeën. Dir hutt de Gate B12 an de Boarding fänkt an enger Dräivéierelstonn un. B: Super, villmools Merci! C: Merci och an e gudde Vol.  

NOW PLAYING

Um Flughafen 1: An d'Vakanz fléien (A2)

0:00 5:20

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 5 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on July 30, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwee Frënn sech um Flughafen treffen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun säi Gepäck ancheckt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Um...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!