Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2) episode artwork

EPISODE · Aug 13, 2025 · 3 MIN

Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Vun enger Vakanz erzielenJoão: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir? Sofia: Mir geet et gutt, merci. Wéi geet et dir? Wéi war deng Vakanz? João: Super! Mir waren, wéi geplangt, a Portugal bei meng Famill. D’Kanner hu sech esou gefreet hir Grousseltere rëmzegesinn. A bei dir? Wéi war Thailand? Sofia: Fantastesch! Et war eng richteg cool Erfarung. Bangkok war hektesch, mee spannend, an d’Insel war wéi e Paradäis. João: Dat kléngt wonnerbar. Wéi war et mam Iessen? Hues de de Pad Thai probéiert? Sofia: Natierlech! An och gréng Curryen, Mango Sticky Rice an déi frësch Kokosnoss direkt um Strand. An et war alles esou bëlleg! João: Wow! Dat klengt mega! Bei eis gouf et och ëmmer gutt z’iessen: meng Mamm huet fir eis hir berüümte Bounenzopp preparéiert a mir hu bal all Moie Pastéis de Nata giess. Ech mengen, ech hunn zwee Kilo bäigeholl. Sofia: Ech och, obwuel ech vill Yoga gemaach hunn. D’Rou op der Insel huet mir wierklech gutt gedoen.  João: Du has och erzielt, datt s du och e Massagecours maache wäerts. Sofia: Genau! D’Formatioun huet dräi Deeg gedauert an ech krut souguer en Zertifikat. A wéi war et mat dengen zwee Kanner? Net ze stresseg? João: Am Ufank e bëssen, mee si hu sech schnell ugepasst. Si hu Sandbuerge gebaut, war schwammen, hu mat anere Kanner gespillt an natierlech gouf et och all Dag eng Glace.  Sofia: Dat kléngt herrlech. Ech hunn och nei Leit kennegeléiert, dorënner eng Norwegerin an en Australier. Mir sinn zesummen en Tempel a Räisfelder kucke gaangen an elo si mer Kolleegen op Instagram. So, du an deng Fra wollt jo wandere goen, wéi war dat? João: Effektiv, mir wollten eng kleng Auszäit huelen, mee meng Fra hat leider eng Mogripp an do ass dat Ganzt an d’Waasser gefall. Sofia: O nee, dat ass awer wierklech Schued. João: Jo, sou ass dat halt, verschidde Saache kann een net virausgesinn. Mee mir haten trotzdeem eng schéin Zäit. Sofia: Dat ass dat Wichtegst. So ech wollt deemnächst a Portugal reesen, vläicht kanns du mir jo e puer Tipps ginn. João: Kloer! E schécken dir e puer Linke mat Plagen, Wanderungen, Restauranten a schéine Plazen. Sofia: Dat wier super! Merci. 

NOW PLAYING

Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2)

0:00 3:44

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on August 13, 2025.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Vun enger Vakanz erzielenJoão: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir? Sofia: Mir geet...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!