Vakanzepläng an eng Postkaart (A2) episode artwork

EPISODE · Jul 9, 2024 · 3 MIN

Vakanzepläng an eng Postkaart (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir e puer Frënn, déi zesummen eng Vakanz fir de Summer plangen. Duerno lauschtere mir d'Postkaart, déi si aus der Vakanz geschéckt hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Anna: So, hutt dir scho Pläng fir de Summer?   Tom: Also ech nach net. Ech géif awer gär an eng Stad goen. Wat denkt dir?  Lara: Dat kléngt super ! Wuer solle mer da goen ?  Anna : Wéi wier et mat Berlin ? Do gëtt et vill ze kucken.  Lara : Hmm, ech war schonn e puer Mol zu Berlin. Ech géif léiwer op eng waarm Plaz goen.  Tom : Vläicht Barcelona ? Do ass et schéin a waarm.  Anna: O jo, ech wëll onbedéngt d’Sagrada Familia gesinn!  Lara: De Park Güell ass och impressionant. A mir kënnen op d’Plage goen an am Mier schwammen.  Tom: Ma tipptopp! Wou solle mer iwwernuechten?  Anna: Ech proposéieren eng Jugendherberg. Dat ass bëlleg a mir kënnen nei Leit kenne léieren.  Lara: Dat ass eng gutt Iddi. A wéi komme mer op Barcelona?  Tom : De Fliger ass déi bescht Optioun. Dat geet séier.   Anna : Ech sinn averstan. Ech fueren net gär laang Auto. Wéini fléie mer?  Tom: Fir mech ass Mëtt August ideal. De 15. August ass Feierdag a mir maachen d’Bréck op der Aarbecht.   Lara: Perfekt fir mech! Geet dat och fir dech, Anna?  Anna: Jo, ech hunn de ganzen August Congé a si flexibel.  Tom : Super ! Ech schloe vir, mir treffen eis de Weekend a buchen alles, éier et ze deier gëtt.  Lara: Ok! Bis de Weekend!  Anna: Bis de Weekend!  Postkaart E schéine Bonjour vu Barcelona!  Eis Vakanz ass bal eriwwer a mir hu vill erlieft. D’Wieder war leider net immens. Et huet oft gereent a mir konnten net op d’Plage goen. D’Lara war net frou!  Dofir si mi a vill Muséeë gaang. Dat huet dem Anna immens gefall. De Picasso-Musée war interessant, an och d’Sagrada Familia war impressionant.   Eis Jugendherberg war super! Et war ganz gemittlech a mir hu vill Leit aus anere Länner kenne geléiert. Owes si mir zesummen Tapas iesse gaang oder hunn an der Jugendherberg gekacht.  Mir freeën eis schonn, iech alles z’erzielen a Fotoen ze weisen!  Léif Gréiss  Anna, Lara an Tom 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jul 9, 2024

Embed this episode

Ready to play

Vakanzepläng an eng Postkaart (A2)

0:00 3:42

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on July 9, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!