Vun engem Tennismatch erzielen (B1) episode artwork

EPISODE · Mar 3, 2026 · 4 MIN

Vun engem Tennismatch erzielen (B1)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert!-Transkript:Vun engem Tennismatch erzielen (B1)  Nadine:  Hallo Vanessa! An, wéi war däin Tennismatch gëschter? Vanessa:  Vergiess et, komm mir schwätzen net dovun. Nadine:  Ok ok, ech verstinn. Ech wollt dech kucke kommen, mee ech hunn d’Terrainen net fonnt. Sinn déi net an der Rue du Près? Vanessa: Dach, vis-à-vis vum Fussballsterrain. Nadine: Mee do ass dach déi grouss Sportshal. Vanessa: Jo, do hues Recht. D’Terraine sinn hannert der Sportshal. Du muss lénks laanscht d’Sportshal goen an da gesäis du d’Terraine riets. Nadine: A sou! Da weess ech et fir d’nächst Kéier. Vanessa:  Wann et eng nächst Kéier gëtt! Ech hunn am Moment esou d’Flemm mam Tennis, ech weess net, ob ech nach eng Kéier spillen. Nadine:  Dat sees du ëmmer, wann s du e Match verluer hues. An ausserdeem wollte mir dach e Freideg zesumme spille goen! Vanessa: A jo, dat wollt ech der nach soen. Do kann ech awer net, well ech mat mengem Meedchen dréngend bei d‘Hautdoktesch muss. Hatt huet en Ausschlag um Aarm an ech wëll awer léiwer, dass d’Doktesch sech dat emol ukuckt. Nadine: An der Rei, hues du dann e Samschdeg de Moien Zäit? Vanessa: Jo, wéi wier et um 10 Auer? Nadine: Jo, dat geet. Da kënne mer bis hallwer 12 spillen. Vanessa: Tipptopp, ech reservéieren den Terrain. Nadine: Gesäis de, elo hues de awer erëm Loscht, spillen ze goen. Dann erziel emol, wat war dann de Problem bei dengem Match? War deng Géignerin esou staark? Vanessa: Ma eeben net. Ech hätt misse gewannen. Mee ech hat erëm dermoosse Problemer mat mengem Service. Ech hunn elauter Double-fautë gemaach. Nadine: Ech weess, dass du domadder Problemer hues. Du gehäis de Ball ze vill hannert dech. Du muss en e bësse riets virun dech geheien an en héich siche goen. Vanessa: Ech kréien et einfach net hin, de Ball anstänneg ze geheien. Nadine: Du kanns dat doheem um Kannapee üben, zum Beispill, wann s de owes bei der Tëlee sëtz. Vanessa:  Wa just dat de Problem gewiescht wier… Wann ech attackéiert hunn, ass meng Virhand och ëmmer an d’Netz gaangen. Nadine: Du leefs ze no un de Ball erun. Du muss méi Plaz tëscht dir an dem Ball loossen an dech méi säitlech zum Ball stellen. Vanessa:  An da sinn ech bei engem Match och ëmmer esou opgereegt. Nadine: Jo, doduerch bass de blockéiert an deng Beenaarbecht ass net gutt. Du solls dech op deng Bee konzentréieren, fir dass de dech gutt beweegs a gutt an d’Knéie gees. Vanessa: Du hues Recht. Mir kënnen e Samschdeg jo dann dorunner schaffen. An och un denge Voléeën. Nadine: Wat ass da mat menge Voléeën? Vanessa: Du brauchs keen esou e grousse Gest ze maachen.  Nadine: Ech wëll de Ball awer séier zeréckschéissen. Vanessa: Du muss méi roueg bleiwen. Du kanns vun der Vitess vum Ball profitéieren an einfach d’Rackett dohinner halen. Dat geet schonn duer. Net all Ball muss e Winner sinn. Et ass besser, du méchs kee Feeler. Nadine: Jo, dat mécht Sënn. Da looss eis dat och e Samschdeg üben.  Sproochnoriicht: Vanessa: Hallo Rafael, ech muss dir elo awer fir muer ofsoen. Ech komme grad mat mengem Meedche vun der Hautdoktesch. Si huet eis e Rendez-vous fir muer de Moien an der Kannerklinick ginn. Si wëll, dass sech en Expert deen Ausschlag eng Kéier ukuckt. Et deet mer immens leed. So mer, wéini s du den nächste Weekend Zäit hues, da reservéieren ech en Terrain fir eis.  So, ech kucke grad d’Finall vun den Australian Open. Den Djokovic huet grad den éischte Saz gewonnen. Ech gleewen awer trotzdeem drun, dass den Alcaraz nach gewënnt. Dréck d’Daumen! Bis geschwënn! 

NOW PLAYING

Vun engem Tennismatch erzielen (B1)

0:00 4:58

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Evergreens by Spuerkeess Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal) Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on March 3, 2026.

What is this episode about?

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert!-Transkript:Vun engem Tennismatch erzielen (B1)  Nadine:  Hallo Vanessa! An, wéi war...

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!