Vun enger Sylvesterfeier erzielen (A2) episode artwork

EPISODE · Jan 2, 2025 · 3 MIN

Vun enger Sylvesterfeier erzielen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: A: Prost a vill Gléck am neie Joer!  B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend.  A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen?  B: O Mamm, vill ze laang.  A: Firwat sees de dat?  B: Ma de Christian huet net opgehalen eis ëmmer rëm Wäin nozeschëdden an iergendwann hate mir all eng hänken.   A: O nee, wéi witzeg! Wéi schued datt ech dat verpasst hunn!  B: Hal op! Ech si frou, datt net vill Leit dat matkruten. De Josy ass souguer op sengem Stull ageschlof. Hien huet natierlech och d’Freedefeier verpasst. An iwweregens, firwat bass du dann esou fréi heemgefuer?  A: Éierlech gesot war et mir nom Haaptplat immens schlecht an dofir sinn ech mol net bis zwielef Auer bliwwen. Ech wollt onbedéngt méi laang do bleiwen, fir mat deenen aneren nach ze schwätzen, ze danzen an natierlech och op dat neit Joer unzestoussen.  B: Jo, ech hat schonn deng Kippche preparéiert, mee do waars du scho fort. Wat fir e Menü has du da gewielt? Vläicht hues de eppes net verdroen. Also mir huet alles ganz gutt geschmaacht.  A: Ech hat d’Tëntefëschzalot als Entrée an dono hat ech de Bœuf bourguignon. Wéi gesot, den Dessert krut ech net méi ze schmaachen.  B: Komesch! Ech hat dat selwecht!  A: Ech muss och zouginn, ech hat beim Aperitif schonn 3 Couppen op den eidele Mo gedronk. Dat kann et och gewiescht sinn.  B: A! Ma do hu mer et jo! Et war bestëmmt dat! Ech weess dass d’Manuela immens vill Wäert drop leet, wat fir en Traiteur et kontaktéiert. Wéi et virun e puer Joer och eng Feier organiséiert huet, hate ganz vill Leit eng Liewensmëttelvergëftung an dat soll sech elo net méi widderhuelen?  A: Sécher! Dat mat der Liewensmëttelvergëftung wosst ech guer net. Do hunn ech iech all nach net kannt.  B: Gleef mer, dat war net schéin! Dofir huet et sech awer dëst Joer extra Méi ginn. Den Dësch war immens schéin dekoréiert, et huet e gudden Traiteur fonnt, et gouf gudde Wäin a kuerz viru Mëtternuecht krute mir eng Coupe Cremant a Späizmännercher. Dat war wierklech flott.  A: Jo, ech hunn är Fotoe gesinn, déi si richteg flott gi mat de Späizmännercher. Ech war e bësse jalous. 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Jan 2, 2025

Embed this episode

Ready to play

Vun enger Sylvesterfeier erzielen (A2)

0:00 3:13

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 3 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on January 2, 2025.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!