Wat hues du gëschter gemaach? (A2) episode artwork

EPISODE · May 16, 2024 · 2 MIN

Wat hues du gëschter gemaach? (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwätzen. (Niveau A2.1-A2.2) Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Tranksript: Laure: Moien Alex! An, wéi war däin Dag gëschter?  Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ech nach eng Stonn Yoga gemaach.  Laure: Wow, dat kléngt no engem relaxe Moien. Ech si jalous! Ech hu bis siwen Auer geschlof an hu mech du séier gewäsch an ugedoen. Um hallwer aacht hunn ech de Bus geholl a sinn op d’Aarbecht gefuer.  Alex: Seriö? Du hues e Samschdeg geschafft? Dat ass awer blöd! D’Wieder war jo esou gutt. Hues du dann no der Aarbecht nach eppes Flottes gemaach?  Laure: Jo, ech hu just bis eng Auer geschafft. Eis Epicerie ass samschdes nëmme moies op. Duerno hunn ech mech mat e puer Frënn an der Stad getraff. Mir hunn eppes op enger Terrass gedronk a sinn duerno nach e bëssen an d’Butteker gaangen. Ech hu mir an engem Kleederbuttek eng flott nei Posch kaf. A wat hues du mëttes gemaach?  Alex: Cool! Ech sinn nom Mëttegiessen an de Park gaangen an hunn do e bëssen op enger Bänk gelies. Duerno sinn ech nach séier e puer Saachen an de Supermarché kafe gaangen. Owes hunn ech e puer Frënn fir ze grillen invitéiert. A wéi war däin Owend?  Laure: Flott! Ech hu mir eppes z’iesse bestallt an hu gemittlech e Film op der Tëlee gekuckt. Ech war immens midd a sinn um zéng Auer um Kannapee ageschlof!  Alex: Dat ass mir och scho geschitt! Bass du dann haut de Moien och um Kannapee erwächt?  Laure: Nee, ech sinn an der Nuecht erwächt. D’Tëlee war jo nach un! Ech hu se ausgemaach a si séier a mäi Bett gaangen. Mee so, d’nächst Kéier muss de mech awer och invitéieren, wann s de eng Grillparty méchs!  Alex: Natierlech. D’nächst Woch ass e Feierdag, do hat ech souwisou geplangt, e puer Frënn bei mech heem z’invitéieren. Du kanns gär kommen!  Laure: Cool! Do hunn ech och fräi. Dat klappt. Merci fir d’Invitatioun!  Alex: Gär geschitt. Bis dann! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published May 16, 2024

Embed this episode

Ready to play

Wat hues du gëschter gemaach? (A2)

0:00 2:47

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 2 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on May 16, 2024.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!