Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich episode artwork

EPISODE · Feb 24, 2026 · 4 MIN

Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich  A: Moien! B: Moien! Wéi geet et dir ? A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt! B: O! Gutt Besserung! A: Merci! Wéi geet et dir ? B: Mir geet et ganz gutt! A: Super! Wéi heeschs du? B: Ech heesche Raïda. An du? A: Ech heesche Fabio. B: Et freet mech! A: Mech och! Vu wou kënns du? B: Ech kommen aus dem Libanon vu Beirut. Vu wou kënns du? A: Ech kommen aus Italien vun Turin. Ech sinn Italieener. B: Ech sinn hallef Libaneesin an hallef Spuenierin. A: Interessant. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg? B: Ech wunnen zënter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Luerenzweiler. An du? A: Ech wunnen zanter annerhallwem Joer zu Lëtzebuerg, op der Gare. B: Wéi al bass du? A: Ech sinn 42 Joer al. Ech sinn den 12. Januar 1984 gebuer.  B: Ech si 27 Joer al. Ech sinn de 5. Oktober 1998 gebuer. A: Wat fir Sprooche schwätz du?  B: Ech schwätzen Arabesch, Spuenesch, Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Wat fir Sprooche schwätz du? A: Ech schwätzen Italieenesch, Franséisch, e bëssen Englesch, e bësse Spuenesch an elo léieren ech Lëtzebuergesch. B: Flott! Wat bass du vu Beruff? A: Ech schaffen am Finanzsecteur. A wat schaffs du? B: Ech sinn Informatikerin. A: Wou schaffs du? B: Ech schaffe bei ZYX um Kierchbierg. A: Ech schaffen och um Kierchbierg. B: Dat ass praktesch! Mir kënne mam Tram an den INLL fueren. Bass du bestuet? A: Nee, ech sinn net bestuet.  B: Hues du Kanner? A: Nee, ech hu keng Kanner. An du? B: Jo, ech si bestuet. Ech hunn ee Kand, ee Jong. Hien ass fënnef Joer al. A: Wat sinn deng Hobbyen? B: Meng Hobbye si molen, schwamme goen, Waassergymnastik maachen, d’Tëlee kucken, Pësele maachen, ... Ech ginn och gär op Concerten. Ech lauschtere gär klassesch Musek, mee och Rock, Pop, asw. Ech spillen natierlech och vill mat mengem Jong. Mir gi gär op d’Spillplaz a mir molen oft zesummen. A: Wéi oft gees du schwammen? B: Ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Mäi Waassergymnastikcours ass ee Mol d’Woch, méindes um 16.30 Auer. A: Méchs du gär Sport? B: Et hänkt dervun of. Ech maache gär Sport am Waasser. Am Fréijoer an am Summer fueren ech gär mam Vëlo. Wat méchs du gär an denger Fräizäit? A: Ech fueren och immens gär mam Vëlo. Ech fuere bal all Weekend. Ech si gär dobaussen an der Natur. Ech ginn och gär spadséieren a wanderen. Zwee Mol de Mount maachen ech eng Aktivitéit mat menge Frënn. Mir ginn an de Restaurant, mir ginn eppes drénken, mir ginn an de Kino, mir ginn an d’Disco, heiansdo gi mir an d’Sauna oder mir maachen eng sportlech Aktivitéit zesummen. Doheem kucken ech gär Serien an ech liesen immens gär. B: Wéini lies du? A: Ech liesen all Owend op d’mannst eng Stonn am Bett an de Weekend ginn ech heiansdo an e Café a liesen do wärend e puer Stonnen. B: Ech liesen och all Owend am Bett! A: Flott! 

Episode metadata supplied by the publisher feed · Published Feb 24, 2026

Embed this episode

Ready to play

Widderhuelung A1: E Kenneléiergespréich

0:00 4:57

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

No similar episodes found.

No similar podcasts found.

Frequently Asked Questions

How long is this episode of Poterkëscht vum INLL?

This episode is 4 minutes long.

When was this Poterkëscht vum INLL episode published?

This episode was published on February 24, 2026.

Can I download this Poterkëscht vum INLL episode?

Yes. Use the download control on the episode player to save the publisher-provided media file.
URL copied to clipboard!