Zwou Weebeschreiwungen (A2)

EPISODE · Oct 15, 2024 · 3 MIN

Zwou Weebeschreiwungen (A2)

from Poterkëscht vum INLL · host Poterkëscht

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Am éischten Dialog erkläert eng Persoun de Wee fir bei si heem mam ëffentlechen Transport, an am zweeten Dialog huet eng Persoun sech am INLL am Sall geiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Weebeschreiwung 1: Mam ëffentlechen Transport A: Moie Marie! Ech wunnen elo zu Märel. Kënns du mech eng Kéier besichen?  B: Gär! Wéini hues du Zäit?  A: E Samschden am Nomëtteg? Meng Wunneng ass zu Märel an der Lonkécher Strooss. Kenns du de Wee bis dohin?  B: Nee. Ass et komplizéiert?  A: Nee, et ass ganz einfach! Wou hëls du de Bus oder den Tram?  B: Ech wunnen um Kierchbierg, no bei der Luxexpo.   A: A, dat ass einfach! Komm, ech erklären dir de Wee. Du hëls den Tram a Richtung Stadion a klëmms um Arrêt Hamilius an der Stad eraus. Do klëmms du dann op de Bus ëm.  B: Ok, ee Moment … Ech klammen um Hamilius eraus. A wat fir e Bus huelen ech dann?  A: Du hëls de Bus 5 oder 6 a Richtung Bartreng um Busarrêt ,,Hamilius’’.  B: A, ok. An op wat fir enger Statioun klammen ech eraus?  A: Du klëmms no siwe Statiounen eraus, den Arrêt heescht ,,Orval’’. Da gees du e puer Meter zu Fouss, an du bass do!   B: An der Rei. Ech hoffen, ech fannen dat!  A: Jo. Schreif mir einfach eng SMS, wann s du do bass.  A: Dat maachen ech. Bis e Samschdeg!  Weebeschreiwung 2: Am INLL Apprenant: Entschëllegt, ass hei net den A1 Spueneschcours ?  Proff: Nee, hei ass de B2.2 Lëtzebuergeschcours.  Apprenant: Ok? Well hei steet, datt mäi Cours am Sall 134 ass.  Proff: Kann ech emol kucken?  A ok. Jo...hei steet, datt Äre Cours an dräi verschidde Säll ass. Méindes sidd Dir am Sall 134, dënschdes sidd Dir am Sall 001 an donneschdes a freides sidd Dir am Sall 234. Haut ass Dënschdeg, duerfir sidd Dir am Sall 001.  Apprenant: A! A wou ass dat, wannechgelift?  Proff: De Sall 001 ass um Rez-de-chaussée. Dir kënnt direkt hei d’Trapen erofgoen oder mam Lift eroffueren. Da gitt Dir no lénks an de Gank eran an da sidd Dir schonn direkt beim Sall.  Apprenant: A ok, villmools Merci!  Proff: Gär geschitt! A kee Stress, de Cours fänkt eréischt an 8 Minutten un.  Apprenant: Merci! Schéinen Dag!  Proff: Merci gläichfalls! 

NOW PLAYING

Zwou Weebeschreiwungen (A2)

0:00 3:01

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Invité:e vum Dag radio 100,7 Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien. Startup Corner House of Startups Luxembourg „Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.   Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op [email protected]. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin). Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei. 20/20 radio 100,7 En Track vu virun zwanzeg Joer a seng Geschicht. Kommt mat zréck an d'Zäite vun "Alternative Nation" a kuckt, ob Är Ouere sech erënneren! Presentéiert vum Marc Clement. Status 5 - De CGDIS Podcast CGDIS E Podcast vum CGDIS? Absolut!Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
URL copied to clipboard!