EPISODE · Jun 26, 2026
La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création
from Kultur · host radio 100,7
Zanter dem Kulturjoer 2007, an also zanter hiren Ufäng, presentéiert d’Équipe vun de Rotonden d’Triennale Jeune Création. Dobäi handelt et sech ëm eng Aart Plattform fir nei Kënschtlergeneratioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Ënnert dem Titel “Common Ground” ass den owend de Vernissage vun der sechster Triennale. D’Curatioun hunn déi Kéier net Perséinlechkeete vu bekannte Kulturinstitutiounen iwwerholl, ma den Duo Liliana Francisco a Steven Cruz, selwer nach jonk Kënschtler, di virun dräi Joer de Kollektiv “La Concierge” gegrënnt hunn, fir mat Gruppeninitiativen fir d’Unerkennung vum Kënschtlerberuff ze kämpfen. D’Kerstin Thalau huet mam Steven Cruz a mam Marc Scozzai vun de Rotonden iwwer “Common Ground” geschwat.
Embed this episode
NOW PLAYING
La Concierge als Kuratorenteam fir di sechst Triennale Jeune Création
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.